Harmonie Forge du Sud Dudelange

Vu Wikipedia

D'Harmonie Forge du Sud Dudelange a.s.b.l. ("HAFOSUD") ass nieft der Harmonie Municipale déi zweet Blosmusek zu Diddeleng.

D'Musek setzt sech aus ronn 40 net bezuelten Amateurmuseker zesummen. De Repertoire ass variéiert, ëmfaasst Originalkompositioune fir Harmonie, Transkriptiounen, Solostécker, a sprécht all Goûten un.

Nieft der eigentlecher Harmonie existéiert och nach eng Show-Band vu ronn 30 Museker, déi ënner dem Numm "GEHAANSBLÉISER" zu Lëtzebuerg an am Ausland optrëtt. Hire Repertoire ass ideal fir op all Fester gutt Stëmmung ze maachen.

D'HAFOSUD ass e Veräin ouni Gewënnzweck, dee bei der Union Grand-Duc Adolphe affiliéiert ass, an deem jiddweree Member ka ginn.

Aktivitéiten

Zu den traditionellen Aktivitéiten am Laf vun der Saison, (September bis Juli), gehéieren ënner anerem:

  • De Showconcert am Abrëll
  • De Wanter-Gala am Dezember
  • D'Hämmelsmärsch fir déi 3 Diddelenger Kirmessen

D'Musek spillt och Concerten op Invitiatioun am Land an am Ausland, an natierlech steet se nieft der Harmonie Municipale der Gemeng zur Verfügung wa se gebraucht gëtt.