Harmonie Hobscheid

Vu Wikipedia
D'Harmonie vun Habscht

D'Harmonie Hobscheid ass e Museksveräin aus der Gemeng Habscht.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Harmonie vun Habscht gouf am Joer 1919 gegrënnt a besteet haut aus 45 aktive Musikanten.

Zanter dem Joer 1998 steet d'Harmonie Habscht ënner der Direktioun vum Lucien Bley, Member vun der Militärmusek. De Sous-Chef Jeannot Ney ass gläichzäiteg Chef vun den Äischdallbléiser Habscht.

Den Duerchschnëttsalter vun de Musikante läit bei 30 Joer.

Am Laf vun 2008 gouf et eng Ännerung un der Spëtzt vun der Harmonie. Am September gouf de belsche Museker François Godard Dirigent. De Godart huet um Conservatoire royal de Liège säi Museksstudium gemaach.

Aktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

Zu den Aktivitéite vun der Habschter Musek gehéieren ënner anerem:

  • Gala-Concert ëm Päischten: "Fiesta..." (den Titel huet ëmmer mat engem bestëmmten Theema ze dinn),
  • Kiermes-Concert am Summer,
  • den Hämmelsmarsch den Dag nom Kiermes-Concert,
  • Käerzenowend (ëm Chrëschtdag).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Lëscht vun de lëtzebuergeschen Harmonien a Fanfaren

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]