Harold Lester Johnson

Vu Wikipedia
Harold Lester Johnson
Gebuer 17. Abrëll 1921
Denver
Gestuerwen 2. Abrëll 1980
Mexiko-Stad
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Educatioun University of California
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser
Member vun National Academy of Sciences

Den Harold Lester Johnson, gebuer de 17. Abrëll 1921 zu Denver, Colorado a gestuerwen den 2. Abrëll 1980 zu Mexiko-Stad war en US-amerikaneschen Astronom. Hien hat Methode fir déi genee Hellegkeetsmiessung vu Stären an aneren Himmelsobjeten entwéckelt.

Den Johnson goung zu Denver an d'Schoul an hat do Mathematik bis zum Ofschloss, am Joer 1942 als Bachelor, studéiert. Wärend dem Zweete Weltkrich hat hien un der Entwécklung vum Radar matgeschafft. Nom Krich huet hien Astronomie op der University of California, Berkeley studéiert an hat schonn 1948 seng Doktoraarbecht iwwer eng elektronesch Apparatur fir d'Vermoosse vu Fotoplacken ofgeschloss. Domat hat eng liewenslaang Beschäftegung mat Methode fir d'geneet Moosse vun der Hellegkeet vun Himmelsobjeten ugefaangen.

1948 huet hien op de Lowell-Observatoire zu Flagstaff gewiesselt, a schonn um Joresenn koum hien als Assistenzprofesser op de Washburn Observatoire vun der University of Wisconsin zu Madison. Vun 1950 bis 1952 war hien Assistenzprofesser um Yerkes-Observatoire vun der University of Chicago, a koum dann zeréck op de Lowell Observatory, wou hie sech ouni Léierverflichtungen an ënner gënschtege klimatesche Bedéngunge mat der Weiderentwécklung vun de photoelektresche Methode vun der Photometrie beschäftege konnt.

1953 hat hien d'UBV-System fir Hellegkeetsmiessung an dräi verschiddene Wellelängteberäicher ëm 0,365 μm, 0,44 μm, an 0,55 μm agesat, dat sech zum Standard entwéckelt huet. Faarwen-Hellegkeets-Diagrammer am UBV-System goufen e wichtegt Geschier fir d'Ënnersich vun de Stäreneegeschaften a vun den Effete vun der interstellarer Extinktioun.

Wärend senger Zäit als Professer op der University of Texas 1959-1962 an dono op der Universitéit vun Arizona hat hie säi photometrescht System an dat Infrarout weiderentwéckelt, an huet sech mat Spektroskopie vu Stären am Infraroutliicht beschäftegt. An den 1960er Joren hat hie Relatioune mat astronomeschen Instituter a Mexiko opgeholl an hat am Joer 1979 op d'Universidad Nacional Autónoma de México zu Mexiko-Stad gewiesselt. Den Johnson ass 1980 un engem Häerzinfarkt gestuerwen.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]