Harold Lloyd

Vu Wikipedia
Harold Lloyd
Gebuertsnumm Harold Clayton Lloyd
Gebuer 20. Abrëll 1893
Gestuerwen 8. Mäerz 1971
Beverly Hills
Doudesursaach Prostatakriibs
Nationalitéit USA
Aktivitéit Filmschauspiller, Schauspiller, Filmregisseur, Filmproduzent, Dréibuchauteur, Fotograf, Cascadeur, Komiker, Delegéierte Produzent, Schrëftsteller, Moler
Partei Republikanesch Partei

Den Harold Clayton Lloyd, gebuer den 20. Abrëll 1893 zu Burchard, am Nebraska, a gestuerwen den 8. Mäerz 1971 zu Beverly Hills, a Kalifornien, war en US-amerikanesche Schauspiller, Komiker a Produzent. Tëscht 1913 an1947 huet hien a ronn 200 Filmer gespillt, woubäi e säin artisteschen a kommerziellen Héichpunkt an den 1920er Joren hat.

De Lloyd gëllt nieft dem Charlie Chaplin an dem Buster Keaton als ee vun den dräi grousse Komiker vum Stommfilm. De Glasses Character - e jonke Mann mat engem Brëll, op der Sich no Succès a Gléck - war déi Filmfigur, déi e berüümt gemaach huet. Markenzeeche vu senge Filmer ware lang Course-poursuiten an akrobatesch Nummeren, dacks op Héichhaiser an enger Héicht, wou engem d'Dronkenellen ausginn. Legendär ass déi Zeen aus Safety Last! wou en um Zär vun enger Auer un engem Wollekekrazert hänkt. De Lloyd huet vill vun de Cascadeurrollen a senge Filmer selwer gemaach.

An den 1930er Joren hat hien nach e puer Tounfilmer gedréint, déi awer net méi un de Succès vu virdrun erukoumen. Hien huet doropshin e puer Filmer produzéiert. 1947 huet hien eng leschte Kéier an engem Film, dem The Sin of Harold Diddlebock d'Haaptroll gespillt, deen awer e Flop am Boxoffice gouf.

1953 krut hien den Éierenoscar fir säi Liewenswierk.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Fréiwierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1914: The Patchwork Girl of Oz
  • 1915: Just Nuts
  • 1915: Love, Loot and Crash
  • 1915: Miss Fatty's Seaside Lovers
  • 1915: Court House Crooks
  • 1915: Giving Them Fits
  • 1916: Luke's Movie Muddle

"Glasses-Guy"-Kuerzfilmer (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Eenakter (ca. 10-15 Min.) (Auswiel):

  • 1917: Over the Fence
  • 1917: Bliss
  • 1917: All Aboard
  • 1918: Hey There!
  • 1918: Are Crooks Dishonest?
  • 1918: Why Pick on Me?
  • 1918: Take a Chance
  • 1919: Going! Going! Gone!
  • 1919: Ask Father
  • 1919: Look Out Below
  • 1919: Spring Fever
  • 1919: Billy Blazes, Esq.
  • 1919: Just Neighbors
  • 1919: A Jazzed Honeymoon
  • 1919: Count Your Change
  • 1919: Pay Your Dues

Zwee- an Dräiakter (ca. 20-40 Min.) (komplett)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1919: Bumping Into Broadway
  • 1919: Captain Kidd's Kids
  • 1919: From Hand to Mouth
  • 1920: His Royal Slyness
  • 1920: Haunted Spooks
  • 1920: An Eastern Westerner
  • 1920: High and Dizzy
  • 1920: Get Out and Get Under
  • 1920: Number, Please?
  • 1921: Now or Never
  • 1921: Among Those Present
  • 1921: I Do
  • 1921: Never Weaken

Laangfilmer[änneren | Quelltext änneren]

  • 1921: A Sailor-Made Man
  • 1922: Grandma's Boy
  • 1922: Dr. Jack
  • 1923: Safety Last!
  • 1923: Why Worry?)
  • 1924: Girl Shy (och Produzent)
  • 1924: Hot Water (och Produzent)
  • 1925: The Freshman (och Produzent)
  • 1926: For Heaven's Sake (och Produzent)
  • 1927: The Kid Brother (och Produzent)
  • 1928: Speedy (och Produzent)

Tounfilmer[änneren | Quelltext änneren]

  • 1929: Welcome Danger (och Produzent)
  • 1930: Feet First (och Produzent)
  • 1932: Movie Crazy (och Produzent)
  • 1934: The Cat's Paw (och Produzent)
  • 1936: The Milky Way
  • 1938: Professor Beware (och Produzent)
  • 1947/50: The Sin of Harold Diddlebock / Mad Wednesday

Kompilatiounsfilmer[änneren | Quelltext änneren]

  • 1962: Harold Lloyd's World of Comedy (och Produzent)
  • 1963: The Funny Side of Life (och Produzent)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Adam Reilly: Harold Lloyd. Seine Filme - sein Leben (= Heyne-Bücher 32, Heyne-Film-und-Fernsehbibliothek. Bd. 17). Heyne, München 1980, ISBN 3-453-86017-9.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Harold Lloyd – Biller, Videoen oder Audiodateien