Harry Hemley Plaskett

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Harry Hemley Plaskett, gebuer de 5. Juli 1893 zu Toronto a gestuerwen de 26. Januar 1980 war e kanadeschen Astronom. Säi Papp war den Astronom John Stanley Plaskett.

De Plaskett war vun 1932 bis 1960 Savilian Professor of Astronomy an der University of Oxford. 1963 gouf hie mat der Goldmedail vun der Royal Astronomical Society ausgezeechent.

Seng Fuerschungsgebidder ware Sonnephysik, astronomesch Spektroskopie a Spektrophotometrie.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Interpretation of Fraunhofer-line profiles. London: Taylor & Francis, 1955.
  • Limb darkening and solar rotation. London: Taylor & Francis, 1962.
  • The polar rotation of the sun. London: Taylor & Francis, 1966.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • McCrea, William Hunter: Obituary: Harry Hemley Plaskett : 5 July 1893 - 26 January 1980. Biographical Memoirs of the Fellows of the Royal Society, vol. 27, p. 445-478.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie