Hartmut Jahreiß

Vu Wikipedia

Den Hartmut Jahreiß, 1942 gebuer, ass en däitschen Astronom.

Hien ass op d'Ënnersiche vun noe Stäre spezialiséiert a schafft am Astronomesche Rechen-Institut Heidelberg. Den Hartmut Jahreiß huet säin Doktorat op der Universitéit vun Heidelberg mat enger Thees iwwer d'raimlech Verdeelung, d'Kinetik an den Alter vun de Stären an der Géigend vun der Sonn, ofgeschloss. Am Astronomesche Rechen-Institut huet hie mam Wilhelm Gliese zesummegeschafft, eng weltwäit unerkannt Autoritéit a Bezuch op no Stären. Déi zwéin hunn zesummen de bekannte Gliese-Katalog vun den noe Stären, am Joer 1979 an 1991 publizéiert. Nom Doud vum Gliese 1993 hat de Jahreiß en Noruff iwwer de Gliese geschriwwen. De Gliese-Katalog ass elo mat der Ofkierzung GJ (Gliese-Jahreiß) bekannt an Unerkennung vun der Mataarbecht vum Jahreiß.

De Jahreiß bleift och weider ganz aktiv am Katalogiséieren an Ënnersiche vun noe Stären, hie war och bei de Virbereedunge vun de Katalogen FK5 an FK6 a vun den neien Hipparcos-Kataloge bedeelegt.[1] 1997, als Member vum Research Consortium (RECONS) fir no Stären, huet de Jahreiß de GJ 1061, op enger Distanz vun nëmmen 3,68 Parsec als zwanzegnooste Stär bei der Äerd identifizéiert.

Den Asteroid (9861) Jahreiss (1991 RB3), gouf no him genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Dictionary of Minor Planet Names vum Lutz D. Schmadel