Haupeschkierch zu Mierschent

Vu Wikipedia
Kierch vu Mierschent
Kierch vu Mierschent (2015)

Kierch vu Mierschent (2015)
Kierch vu Mierschent (2015)
Uertschaft / Plaz Mierschent
Par Parc Our
Saint-Nicolas
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Haupert
Baujoer 1833
Koordinaten 49° 57’ 14.6’’ N
      06° 06’ 19.9’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Haupeschkierch zu Mierschent ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Pëtschent gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Haupert, deem säi Fest den 3. November gefeiert gëtt.

D'Kierch steet zentral an der Uertschaft op der Kräizung vum CR320 (rue de Hoscheid a rue de Weiler), dem CR320A (rue de Gralingen) an der rue de Wahlhausen.

Den 29. Mäerz 2023 gouf s'als nationale Kulturpatrimoine klasséiert.[1]

Zur fréierer Par Mierschent hunn ausser der Parkierch vu Mierschent och nach d'Filialkierch vu Grooljen, d'Kapell vu Weiler an d'Kapell vun Nuechtmanescht gehéiert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Par Mierschent ass 1808 entstan, virdrun huet d'Uertschaft zur Par Branebuerg gehéiert. Déi haiteg Kierch gouf 1833 op der Plaz gebaut, wou virdrun déi al Kierch stoung. 1922 ass d'Sakristei ugebaut ginn. Wéinst de Beschiedegungen duerch d'Ardennenoffensiv ass d'Kierch nom Krich restauréiert ginn. 1958 gouf de Kierfecht, dee virdru nieft der Kierch war, op seng haiteg Plaz an der Weilerstrooss um Enn vum Duerf installéiert. Nieft der Kierch sinn haut nach als Undenken e puer al Grafsteng erhalen. 2005 ass d'Plaz nieft der Kierch nei amenagéiert ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Haupeschkierch zu Mierschent – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).