Haus Höcklin von Steinach

Vu Wikipedia
Haus Höcklin von Steinach
Plaz Uewerstad
Adress Krautmaart
Koordinaten 49° 36’ 38.4’’ N
      06° 07’ 56.9’’ O
Datum vum Bau Enn 15. Jh.
Proprietär privat

D'Haus Höcklin von Steinach ass en Haus aus dem Spéitmëttelalter, op Nummer 20 um Krautmaart an der Stad Lëtzebuerg. Et gouf um Enn vum 15. Joerhonnert vum Heinrich Höcklin von Steinach baue gelooss a gëllt als dat eelst Wunnhaus an der Stad dat nach erhalen ass.[1]

Duerno huet d'Schäffen- a Riichterfamill Mamer d'Haus iwwerholl; et blouf bis zu der Franséischer Revolutioun an hirem Besëtz. De Schäffe Peter Mamer huet 1795 wéinst deem neie Regime d'Stad verlooss a säin Haus dem Händler Gilles Dargent verkaf. Dëse war de Papp vum François-Joseph Dargent. Wéi dee bis gestuerwe war, hu seng Wittfra an hir 6 Duechteren am Haus weiderhi Likör a Wäi verkaf. Bis un d'Enn vum 19. Joerhonnert blouf et am Besëtz vun där Famill.[2]

Am Haus ass an engem gotesche Sall um 1. Stack e Kappsteen am Verwëllef ze gesi mat engem Wope vum Höcklin a vu senger zweeter Fra, der Jacqueline vu Busleyden, déi e 1491 oder kuerz virdru bestuet hat.[1] Baussen op der Fassad ass eng Statu aus der Fréirenaissance vun der Muttergottes mam Jesuskand.[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Maison Höcklin von Steinach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Michel Pauly: "Wohnviertel in der mittelalterlichen Stadt Luxemburg." ons stad Nr.102/2013, S.10-13.
  2. 2,0 2,1 "Bauwerke ragen in die Geschichte der Stadt. Weitere interessante Adelshäuser vom 'novum forum' und gegenüber dem alten Rathaus." Luxemburger Wort 15. Dez. 1943, S. 3-4.