Hausnumm

Vu Wikipedia
Hausnumm op engem Haus an der Buerg

En Hausnumm ass den Numm vun engem Haus, Haff oder Bauerewiesen, dee sech z. D. bis haut op d'Awunner dovun iwwerdroen huet. Meeschtens war dat de (Vir)numm oder och alt de Beruff vun engem fréiere Besëtzer.

Dacks ass den Hausnumm an enger Genitivform (d. h. mat -esch oder -s(sen) um Enn). Och gëtt en heefeg mat der Prepositioun "An" verbonnen, wéi z. B. beim haitege Wäibaumusée "A Possen".

Fréier war op den Dierfer den Hausnumm dee gängegen Numm mat deem d'Leit ausernee gehale goufen, de Familljennumm war just fir offiziell Geleeënheeten.

Zanter dem 29. Juli 2019 gehéieren d'Haus- an d'Flouernimm zum nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Haus- a Flouernimm op iki.lu, der Websäit vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg (gekuckt de 17. Abrëll 2022)