Hautbois

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Hautbois
Oboe modern.jpg
Klassifikatioun Aerophon
Holzblosinstrument
Tounëmfank Range oboe.png
Ähnlech Instrumenter Fagott
Museker
Kategorie:Hautboisspiller

Den Hautbois ass en Holzblosinstrument

Den Hautbois an der Systematik vun de Musekinstrumenter[änneren | Quelltext änneren]

Den Hautbois gehéiert an der Sachs / Hornbostel-Systematik zu den aerophonen Instrumenter; an dodran zu de Rouerblatinstrumenter.

D'Instrument[änneren | Quelltext änneren]

Wiener Hautbois 19. Joerhonnert, privat Sammlung Dominique Enon

Den Hautbois an d'Instrumenter aus senger Famill ginn duerch en Duebelrouerblat ugeblosen. E besteet aus engem riichte, konesche Rouer aus Holz (Ebenholz oder vum Buchsbam) vu 60 cm, deen aus dräi Deeler besteet: d'Uerwerstéck, Ënnerstéck an Schallstéck. Dobäi kënnt nach d'Mondstéck, dat klengt Doubelrouerblat dat beim Blosen tëscht d'Lëpse geholl gëtt. Den Deckelsystem besteet aus oppene Grëfflächer, Rankklappen an zouenen Deckelen fir déi chromatesch Tounleeder; dann aus Oktavdeckelen an Hëllefs- an Trillerklappen, ähnlech wéi bei de Flütten. Beim Spille gëtt den Hautbois schréi no ënne gahal.

Den Toun ass net ganz haart, mä dee spezifesche Klang fält direkt op.

D'Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Instrumenter aus der Hautboisfamillje gehéieren zu den eelste Blosinstrumenter iwwerhaapt. Dat aalt Griicheland huet se als aulos (Méizuel: auloi) kannt, Roum als tibia (Méizuel: tibiae). All Statuetten, déi fonnt goufen, deiten drophin, datt 2 där Instrumenter ugewénkelt bei de Mond gefouert si ginn. Déi eelst Miniatur staamt aus der Kyklade-Kultur aus der Mëtt vum 3. Joerhonnert virun eiser Zäitrechnung.

Zanter dem Mëttelalter fanne mer se bei den Hierden, besonnesch an dem ëstlechen Europa; den Numm war Schalmei, dat war eng Verdäitschung vum franséischen chalumeau, dat sengersäits vum laténgesche calamus (Rouer oder Hallem) ofstaamt. No an no sinn d'Schalmeie méi grouss gebaut ginn. Am Däitsche krute se den Numm Pommer, Bommer, Bomhart, Bombardo.

D'Hautbois-Familljen[änneren | Quelltext änneren]

De Repertoire fir Hautbois[änneren | Quelltext änneren]

Hautbois solo[änneren | Quelltext änneren]

Hautbois a Piano[änneren | Quelltext änneren]

Hautbois a Basso Continuo[änneren | Quelltext änneren]

  • Johann Sebastian Bach: Sonat fir Hautbois an Cembalo (Dat ass eng Variant vun der Sonat fir Flütt a Basso continuo BWV 1030)
  • Georg Friedrich Händel: Sonat fir Hautbois a Basso continuo an aner Sonate mat Violin, Fagott oder B.c.

Bléiser a Piano[änneren | Quelltext änneren]

Hautbois-Concerten[änneren | Quelltext änneren]

vu ville Komponisten:

D'Fabrikanten[änneren | Quelltext änneren]

Frankräich[änneren | Quelltext änneren]

Däitschland[änneren | Quelltext änneren]

  • Ludwig Frank & Frank Meyer GbR, Berlin
  • Gebrüder Mönnig – Oscar Adler & Cie.

Hautbois-Bléiser[änneren | Quelltext änneren]

Den Hautbois an der Jazz-Musek[änneren | Quelltext änneren]

Literatur iwwer den Hautbois[änneren | Quelltext änneren]

  • Friedrich Blume, Erausg.: Die Musik in Geschichte und Gegenwart. Kassel, Basel, London, New York, Bärenreiter-Verlag, 1961, Band 9, S. 1777 ff.
  • Scott Deveaux,Barry Kernfeld, Erausg. : The New Grove Dictionary of Jazz Music and Musicians. New York: Macmillan Press Limited, 1988, vol. 2, 401.
  • Marc Schaeferdiek: Der Oboen-Doktor. Reparatur- und Pflegehilfe Coblenz am Rhein, Egge Verlag

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hautboisen – Biller, Videoen oder Audiodateien