Hauteville-Lompnes

Vu Wikipedia
Hauteville-Lompnes
center}}}
D'Märei

D'Märei
D'Märei
Land Frankräich
Regioun Auvergne-Rhône-Alpes
Departement Ain
Arrondissement Belley
Kanton Plateau d'Hauteville
Postcode 01110
Gemengecode 01185
Koordinaten 45° 58’ 45’’ N
      05° 36’ 19’’ O
Fläch  5.034 ha
Bevëlkerung  3.650 (2011)

Hauteville-Lompnes ass eng fréier franséisch Gemeng am Departement Ain an der Regioun Auvergne-Rhône-Alpes.

Hauteville-Lompnes läit am Jura op engem Héichplateau vum Bas-Bugey op enger Héicht vun 850 Meter an ongeféier 65 km vu Bourg-en-Bresse. D'Gemeng huet aus den Uertschaften a fréiere Gemengen Hauteville à Lompnes bestanen déi 1942 zesummegeluecht goufen. Bei enger zweeter Fusioun 1964, goufen d'Gemenge Lacoux a Longecombe absorbéiert.

Zanter dem 1. Januar 2019 ass s'eng delegéiert Gemeng an der neier Gemeng Plateau d'Hauteville.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Op der Grenz mat de Gemenge Lompnieu a Ruffieu ass den 1.112 Meter héije Col de la Rochette, iwwer deen ee vum Dall vun der Albarine an dee vum Séran kënnt.

Kuckeswäert ass déi 115 Meter héich Cascade de la Charabotte, am Ufank vun de 7 km laange Gorges de l'Albarine.

Kuckt och[Quelltext änneren]