Hayange

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Hayange
Hayange fresque.JPG
Fresk op enger Hausmauer
Land Flag of France.svg Frankräich
Regioun Blason Lorraine.svg Loutrengen
Departement Blason département fr Moselle.svg Moselle
Arrondissement Thionville-Ouest
Kanton Hayange
Code Insee 57306
Postcode 57700
Koordinaten 49° 19' 48" N
06° 03' 46" O
Fläch  1.223 ha
Bevëlkerung  15.340 Aw.  (2007)

Hayange ass eng franséisch Stad a Gemeng am Departement Moselle a Loutrengen, an Haaptuert vum Kanton mat demselwechten Numm. D'Uertschaft läit ca. 10 km südwestlech vun Diddenuewen a gouf am Joer 821 fir d'éischt als Heingen ernimmt.

Hayange huet am Joer 1970 mat der Gemeng Saint Nicolas en Forêt, an 1971 mat Marspich fusionnéiert. Ranguevaux ass 1972 och derbäikomm. Déi Gemeng ass awer erëm 1987 onofhängeg ginn.

De Kanton vun Hayange huet 3 Gemengen: Hayange, Ranguevaux a Serémange-Erzange.

Zënter 1704 ass Hayange vun der Eisen- an Stolindustrie markéiert. Nodeems vill Industrien an den 1970er an 1980er Joren opgehalen hu mat schaffen, sinn haut nach d'Entreprise Corus, déi Eisebunnschinne produzéiert, a Sollac Lorraine zu Hayange aktiv.

[änneren] Jumelagen

[änneren] Bekannnte Leit

[änneren] Kuckt och

Commons: Hayange – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen