Heavy metal

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel entsprécht net de Wikipedia-Critèrë fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipedia-Artikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Scorpions

Heavy Metal ass e Genre vum Rock den an de 1960er Joren an den USA an a Groussbritannien entstanen ass.

Den Terme gëtt a verschiddene Kontexter benotzt:

  • Haaptsächlech als Synonym vun Hard Rock.
  • An engem zweete Sënn bezeechent den Terme traditionnellen Heavy Metal, als eng esthetesch Tendenz nach mei radikal, déi an den 70er an 80er Joren, sech ëmmer méi zum Hard Rock zougewand huet a sech domat méi wäit vum Blues entfernt huet.
  • Als generaliséierte Begrëff fir alleguer déi Museksrichtungen déi sech vum Hard Rock ofleeden.

Inhaltsverzeechnes

Charakteristiken [änneren]

Heavy Metal ass definéiert duerch d'Dominanz vun der Gittar an der Batterie an duerch energiegeluedene Rhythmus. E gëtt beaflosst duerch de Rock, d'klassesch Musek an dem Blues.

Instrumenter a Klang [änneren]

Den Opbau vun der Grupp kennt haaptsächlech aus dem Rock a besteet aus dem Gittarist, dem Batteur, dem Bassist an dem Leadsänger.

Gittar [änneren]

Gittar ass d'Haaptinstrument an enger Heavy Metal Band. An der Evolution vum Genre hu sech Soloen a Riffs ëmmer weider entwéckelt a sinn ëmmer mei komplex ginn.

Fir ee séiert Stéck benotzen d'Gittaristen aner Techniken z. B. Technik vum "Sweeping" an "Tapping". Mat der neister Technik kann de Gittarist seng Gittar ëmstellen ouni se nei ze stëmmen.

Bass [änneren]

D'Bass-Gittar ass eng Begleedung vun der Batterie. D'Bass-Gittar gëtt de Rythmus zesumme mat der Batterie un. U sech gëtt d'Bass-Gittar benotzt fir eng Octave ze verduebelen.

Commons: Heavy metal – Biller, Videoen oder Audiodateien