Heber Doust Curtis

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Heber Doust Curtis, gebuer de 27. Juni 1872 zu Muskegon, Michigan, a gestuerwen den 9. Januar 1942 zu Ann Arbor, Michigan war en US-amerikaneschen Astronom.

Hie war Professer fir Astronomie an Direkter op verschiddenen Observatoiren, fir d'lescht vun 1930 un um Observatoire vun der Universitéit Michigan.

De Curtis huet als ee vun deenen éischten iwwerzeegend Hiweisr op déi extragalaktesch Stellung vun de Spiralniwwel vertrueden an déi mat dem Harlow Shapley an der berühmter "grouss Debatt" diskutéiert. Donieft huet hien e puer Kataloge mat Niwwelen a Galaxien opgestallt.

Am Total huet hien 11 Expeditiounen zu Sonnendäischterten ënnerholl. Hien huet den 11. Februar 1913 en onbekannt Objet entdeckt, dat de Minor Planet Center spéiderhin als den Asteroid (23400) A913 CF bezeechent huet.