Heck vun hei

Vu Wikipedia

Heck vun hei ass e Qualitéitslabel zu Lëtzebuerg fir Traisch an Heckeplanzen, déi vun Aarte geziicht ginn, déi an der Regioun natierlech wuessen.

De Label, deen 2012 agefouert gouf, ass geduecht fir d'Uplanze vun dësen Traisch op privaten an och ëffentleche Plazen a Parkanlagen ze fërderen.

De Projet Heck vun hei gouf vum Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen an Zesummenaarbecht mam nationalen Naturmusée, dem Netzwierk Objectif plein emploi, der Fédération horticole luxembourgeoise an dem Bureau d'études BioMonitor realiséiert.

De Projet gouf den 30. Oktober 2012 vum Marco Schank, delegéierte Minister fir nohalteg Entwécklung, presentéiert.

Wat de Label ausseet[änneren | Quelltext änneren]

De Label Heck vun hei zertifiéiert datt déi markéiert Traisch aus Som gezillt goufen, dee vun Heckeplanze kënnt déi lokal an der fräier Natur wuessen.

De Label ass geduecht fir déi lokal Traisch, déi geneetesch un d'Ëmweltbedingungen an hirer Géigend ugepasst sinn, z'erhalen. Et soll domat verhënnert ginn, datt Traisch vun deene selwechten Aarten, mä déi vu wäit hier importéiert goufen - z. B. aus Osteuropa oder Asien - déi lokal ugepasst Varietéiten duerch Vermëschung (Hybridatioun) geneetesch veränneren.

De Label zertifiéiert och nach, datt et sech ëm Planze mat engem héijen ekologeche Wäert handelt, déi also e wichtege Liewensraum fir aner Liewewiesen opbauen, wéi z. B. Grieser a Kraider, Vullen, Mamendéieren, Insekten, asw. Duerch d'Planzen oder d'Erhale vun Hecken entsti biologesch Korridoren duerch déi d'Aarten an ëmmer méi ekologesch zerstéckelte Landschaften zirkuléiere kënnen.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • (FD), 2012. Nachhaltigkeitsgarantie mit Qualitätssiegel. Ministerium initiert Projekt "Heck vun hei" zum Erhalt der einheimischen Strauchflora. Luxemburger Wort vum 31. Oktober 2012, S. 15.
  • Heck vun hei op der Websäit vum Ëmweltministère

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]