Heckeknuewelek

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich


Heckeknuewelek
Bléie vum Heckeknuewelek

Bléie vum Heckeknuewelek
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich: Planzeräich
Ofdeelung: Bléieplanzen
Klass: Liliopsida
Uerdnung: Asparagales
Famill: Ënneplanzen
Gattung: Ënnen
Aart: Heckeknuewelek
Wëssenschaftlechen Numm
Allium ursinum


Den Heckeknuewelek oder Wëlle Knuewelek Allium ursinum L. ass e Kraut aus der Gattung Allium an der Famill vun den Ënneplanzen.

Et ass eng Planz déi e puer Joer hannereneen erëm kënnt, an 20 - 50 cm grouss gëtt. Si huet lang donkelgréng Blieder a Form vu enger Lanzespëtz. D'Bléie si wäiss, stärefërmeg, an hu sechs baussecht Bléiebleider. Si stinn zesummenen op engem méi oder wéineger ronne Kapp mat tëscht 5 an 20 Bléien.

Säi Geroch gläicht deem vum Knuewelek.

Den Heckeknuewelek ass eng Bëschplanz. En ass praktesch a ganz Europa an an Nordasien, besonnesch a Bëscher déi an engem Hank leien ze fannen.

Perséinlech Tools