Heemelmaus

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Heemelmaus
Eng Heemelmaus

Eng Heemelmaus
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Glidderfüssler
Klass: Insekten
Ënnerklass Fluchinsekten
Uerdnung: Ensifera
Famill: Grillen
Gattung: Acheta
Aart: Heemelmaus
Wëssenschaftlechen Numm
Acheta domesticus


D'Heemelmaus (Acheta domesticus L., op Däitsch Heimchen oder Hausgrille; op Franséisch grillon domestique) ass en Insekt aus der Famill vun de Grillen, dat ursprünglech nëmmen an Nordafrika an dem Mëttleren Osten verbreet war. A Mëtteleuropa gouf d'Aart, waarscheinlech schonn zur Réimerzäit, ongewollt vum Mënsch ageschleeft. Haut ass d'Heemelmaus iwwer ganz Europa, an doriwwer eraus, verbreet.

Well d'Heemelmaus vill Wäermt brauch, ka si an eise Géigenden nëmmen a Wunnengen an, dobaussen, op waarme Plazen, wéi z.B. Dreckstippen oder Kompostkéip, iwwerliewen a sech vermehren. Fréier koum et a Bäckereie wéinst dem Miel an der Hëtzt vum Bakuewen net seelen zu enger massiver Vermehrung.

Acheta domesticus L. ass en Insekt vun den Orthoptera (Heesprénger am wäite Sënn vum Wuert), aus der Uerdnung Ensifera, an der Famill vun de Grillen (Grillidae).

An der Iechternacher Géigend spillt d’Heemelmaus eng Roll am Folklor (cf. Heemelmaus-Lidd).

An der Terraristik ass d'Heemelmaus e beléiftent liewegt Fudderdéier fir Reptilien (Echsen, Geckoen, asw).

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Ernierung

D'Heemelmaus frësst virun allem planzlecht Material (Kären, Kaschtreschter, Brout...), awer och doudeg a lieweg Insekten, dorënner net seele seng eegen Aartgenossen (Kannibalismus).

[änneren] Zirpen

Wéi bei alle Grille lackelen d'Männercher d'Weibercher duerch hiert Zirpen un. Dobäi reiwe si de Bord vun hire viischte Flilleke laanschteneen. D'Zirpe vun der Heemelmaus erënnert un de Ruff vun de Jippelcher. De Gesank vun e puer a méi Männercher an engem Haus gëtt als nervenopreiwend beschriwwen.

[änneren] Verbreedung zu Lëtzebuerg

Nach 1960 gëtt d'Heemelmaus als heefeg an ale Wunnengen - wou et vill Splécken an ähnlech Verstopper gëtt - an och op den Dreckstippen, déi et deemools nach gi sinn, vun de gréisseren Uertschafte gemellt (z.B. zu Lëtzebuerg, Iechternach, Esch-Uelzecht, Ettelbréck...). (Hoffmann 1960).

Méi rezent gouf d'Aart nëmme méi op zwee Kompostkéip bei Rouspert a Réimech fonnt. Well awer bei dëser Ënnersichung sou Plaze net geziilt kontrolléiert goufen, ass unzehuelen datt d'Heemelmaus méi verbreet ass wéi dës Etude et ausweist. (Proess 2004).

[änneren] Literatur

Eng Heemelmaus (Acheta domesticus L.). E Weibchen, ze erkennen um laange Legerouer.

.

Perséinlech Tools
Nummraim
Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
Aner Sproochen