Heim ins Reich

Vu Wikipedia

Fir de Film, kuckt: Heim ins Reich (Film)


Heim ins Reich war e politesche Slogan an der Zäit vum Nationalsozialismus. E gouf benotzt fir den Uschloss vun deenen Nopeschterritoiren a -länner, déi der Nazi-Ideologie no zu Däitschland gehéiere sollten, ze propagéieren.

E koum fir d'éischt, am Virfeld vun der Ofstëmmung iwwer d'Saarland, den 13. Januar 1935 zum Asaz a gouf duerno och am Sudetenland an an Éisträich gebraucht fir d'Annexioun erbäizeféieren.

Méi spéit goufen d'Leit aus deene Gebidder a Bessarabien, der Bukowina a Galizien, déi dem Hitler-Stalin-Pakt no un d'Sowjetunioun goungen, ënner deem Slogan an dat besatent Polen ëmgesidelt.

Och am besate Lëtzebuerg huet d'Volksdeutsche Bewegung dëse Slogan benotzt fir d'Leit fir en Uschloss un Däitschland z'iwwerzeegen.

Den 31. August 1940 gouf esou ee Manifest an de gläichgeschalten Dageszeitungen Luxemburger Wort an Tageblatt publizéiert, an deem d'Lëtzebuerger dozou opgeruff goufe sech bedéngungslos fir den Nazi-Regimm z'engagéieren.[1]

Den Dokumentarfilm Heim ins Reich vum Claude Lahr vun 2004 huet dësen "Échec d'une annexion" (sou de franséischen Ënnertitel vum Film) als Theema.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Männer und Frauen Luxemburgs!" - "Heim ins Reich" Luxemburger Wort, 31. August 1940, S.1; op eluxemburgensia.lu, digitaliséiert vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik.