Heinrich-Hertz-Teleskop

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Heinrich-Hertz-Teleskop resp. Submillimeter Telescope

Den Heinrich-Hertz-Teleskop (HHT), haut Submillimeter Telescope (SMT) ass e Radioteleskop fir d'Observatioun am Submillimeter-Wellelängteberäich, mat Standplaz um Mount Graham, USA.

Den Teleskop gouf zesumme vum Max-Planck-Institut fir Radioastronomie an vum Arizona Radio Observatory (ARO) vun der University of Arizona opgeriicht an 1993 a Betrib geholl. En huet en Empfänger fir de Millimeter- a Submillimeterberäich bis erof op 0,45 mm Wellelängt. Op der Standplaz ass, wéinst der Héicht vun 3186 m, den atmosphäresche Waasserdamp staark reduzéiert, d'Observatiounsqualitéit ass awer net mat Observatoire déi méi héich, wéi z. B. dem Mauna-Kea-Observatoire oder der Plaz vum Atacama Pathfinder Experiment ze vergläichen. An der Tëschenzäit gëtt den Teleskop alleng vum ARO bedriwwen.

Technesch Detailer [änneren]

  • D'ganzt Gewiicht vum Submillimeter-Teleskop ass 135 Tonnen.
  • D'Spigelfläch vum Teleskop gëtt vun 176 Panéile geformt, déi en Duerchmiesser vu 15 Meter hunn.
  • En huet Empfänger fir de Millimeter- a Submillimeterberäich vun 0,7 – 4 mm.
  • Positionéierungsprezisioun um Himmel: 2-3 Bousekonnen
  • Opléisung um Himmel bei 1 mm Wellelängt: 17 Bousekonnen

Um Spaweck [änneren]

Commons: Heinrich-Hertz-Teleskop – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie