Heinrich Kreutz

Vu Wikipedia
Heinrich Kreutz
Gebuer 8. September 1854
Siegen
Gestuerwen 13. Juli 1907
Kiel
Nationalitéit Kinnekräich Preisen
Educatioun Universitéit Bonn
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser
Member vun Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina

Den Heinrich Carl Friedrich Kreutz, gebuer den 8. September 1854 zu Siegen a gestuerwen den 3. Juli 1907 zu Kiel war en däitschen Astronom. No him gouf d'Kreutz-Grupp genannt, eng Grupp vu Koméiten, déi besonnesch no bei der Sonn laanscht zéien.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

No senger Schoulzäit zu Siegen hat de Kreutz op der Universitéit Bonn Astronomie ënner de Professeren Adalbert Krüger an Eduard Schönfeld studéiert. 1880 hat hie promovéiert a goung uschléissend fir e puer Méint op Wien wou hien ënner dem Theodor von Oppolzer geschafft huet.

1882 huet hien eng Plaz als Rechner um Astronomesche Recheninstitut vu Berlin ugeholl. 1883 wiesselt hien op d'Universitéit Kiel. Am Observatoire war säi fréiere Professer Krüger an der Tëschenzäit Direkter ginn. De Kreutz schafft weider als Rechner a vun 1889 un als Observateur um Observatoire. 1891 gouf hie Professer fir Astronomie op der Kieler Universitéit. An där Zäit bestit hien dem Krüger seng Duechter.

1896 ass de Krüger gestuerwen an de Kreutz huet d'Aufgab als Editeur vun den Astronomische Nachrichten iwwerholl.

De Kreutz huet d'Bunne vun de Koméiten ënnersicht, fir déi d'Perihelduerchgäng ganz no bei der Sonn waren, an huet festgestallt, datt déi Fragmenter vun engem méi grousse Koméit stame missen. E puer vun de Kreutz-Koméite gehéieren zu den hellste Koméiten déi jeemools gesi goufen, wéi 1965 de Koméit Ikeya-Seki.

1907 ass de Kreutz zu Kiel no laanger Krankheet am Alter vun 52 Joer gestuerwen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Untersuchungen über das System der Cometen 1843I, 1880I and 1882II. erauskomm 1901
  • Nachruf – 1907, Publications of the Astronomical Society of the Pacific, v. 19, p. 248

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie