Heinrich Louis d'Arrest

Vu Wikipedia
Heinrich Louis d'Arrest
Gebuer 13. Juli 1822
Berlin
Gestuerwen 14. Juni 1875
Kopenhagen
Nationalitéit Kinnekräich Preisen
Educatioun Humboldt-Universitéit Berlin,
Universitéit vu Leipzig
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser
Member vun Sächsesch Akademie vun de Wëssenschaften, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Kinneklech dänesch Akademie vun de Wëssenschaften, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Sächsesch Akademie vun de Wëssenschaften

Den Heinrich Louis d'Arrest, gebuer den 12. August 1822 zu Berlin a gestuerwen den 13. Juni 1875 zu Kopenhagen, war en däitsch-däneschen Astronom, deen an Däitschland an zu Kopenhagen geschafft huet. Hien huet en ettlech Koméiten entdeckt, 76 Asteroiden an 342 Deep Sky-Objeten. Doriwwer eraus war hie Matentdecker vum Planéit Neptun. Hien ass virun allem duerch seng Fuerschungen iwwer d'Asteroiden an d'Koméite bekannt ginn, awer hie war och wesentlech un der Entschlësselung vun de Galaxiëkéip bedeelegt.

D'Virfahre vum d'Arrest ware franséisch Hugenotten déi 1685, no der Ophiewung vum Edikt vun Nantes, an Däitschland geflücht waren.

Den d'Arrest huet Mathematik op der Universitéit Berlin studéiert. An dëser Zäit huet hien astronomesch Berechnungen a Observatioune gemaach.

1845 gouf hien Assistent vum Professer Johann Franz Encke am Observatoire zu Berlin. Zesumme mat dem Johann Gottfried Galle, dem Direkter vum Observatoire, hu si den 23. September 1846 de Planéit Neptun entdeckt. De Galle an den d'Arrest hunn den Himmel systematesch ënnersicht (no den Angabe vum Fransous Urbain Leverrier, deen d'Positioun vum Planéit unhand vu Bunnstéierunge vum Uranus berechent hat). Well de Galle de Planéit fir d'éischt am Teleskop gesinn hat, gëllt hien haut als Entdecker vum Neptun.

1848 huet den d'Arrest op den Observatoire vun der Universitéit Leipzeg zu Pleissenbuerg gewiesselt. Hei huet hien ugefaangen d'Positioune vun niwwelegen Objete systematesch ze bestëmmen. 1850 ass hie vun der philosophescher Fakultéit vun der Universitéit Leipzeg zum Éierendokter ernannt ginn.

Am September 1857 huet den d'Arrest Leipzeg verlooss an ass als Professer fir Astronomie op d'Universitéit Kopenhagen gaangen. Mat engem 11 Zoll (27,5 cm)-Refrakter vum Kopenhagener Observatoire ass hie mat senge Beobachtunge vun niwwelegen Objete weidergefuer an huet e puer honnert Galaxien, Stärekéip a Gasniwwelen entdeckt.

Seng Beobachtungen huet hien am Buch Siderum Nebulosorum Observationes Havnienses 1867 zesummegefaasst. Den 21. Oktober 1862 huet hien dee ronn 200 km groussen Asteroid Freia entdeckt.

Den d'Arrest ass am Alter vun 52 Joer zu Kopenhagen un Häerzversoe gestuerwen.

Fir seng Leeschtungen huet hie vill Auszeechnungen an Éierunge kritt. Hie war Member vun der Wëssenschaftsakademie vun Dänemark, Schweden, Sankt Petersburg a München, der brittescher Royal Astronomical Society an e war Ritter vum däneschen Danebrorg-Uerden.

Zu sengem Gedenke gouf jee een Impaktkrater um Mound an um Marsmound Phobos souwéi den Asteroid (9133) d'Arrest no him benannt.

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Heinrich Louis d'Arrest – Biller, Videoen oder Audiodateien