Heinrich Lübke

Vu Wikipedia
Heinrich Lübke
Gebuer 14. Oktober 1894
Sundern
Gestuerwen 6. Abrëll 1972
Bonn
Doudesursaach Mokriibs
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit Bonn
Aktivitéit Politiker, Ingenieur
Partei CDU

De Karl Heinrich Lübke, gebuer de 14. Oktober 1894 zu Enkhausen, haut Gemeng Sundern, am Sauerland a Westfalen, a gestuerwen de 6. Abrëll 1972 zu Bonn, war e westdäitsche Politiker a Bundespresident vun 1959 bis 1969. Virdru war hien ë. a. Landwirtschaftsminister um Bundes-Niveau. Säin zweet Mandat, vun 1964 un, stoung ënner dem Afloss vu sengem schlechte Gesondheetszoustand, hien ass dann och e puer Méint virum offiziellen Oflaf zeréckgetrueden.

De Lübke koum aus einfache Verhältnesser (säi Papp war e Schouster a Bauer). A senger Jugend huet hie sech an enger Klengbaueren-Associatioun engagéiert, 1930 gouf e Member vun der Zentrumspartei, fir déi en am Abrëll 1932 an dat preisescht Regionalparlament gewielt gouf. Wéi d'Nazie bis un d'Muecht koumen, koum hien, no der Opléisung vu senger Partei, fir 20 Méint an de Prisong, well e sollt Suen hannerzun hunn, et konnt him awer näischt nogewise ginn. 1937 gouf hie bei enger Wohnungsbaugesellschaft engagéiert, 1939 goung e bei en Ingenieursbureau, wou en déi Joren duerno ë. a. och de Bau vun ëffentleche Gebaier geleet huet, wourënner och z. B. Heeresversuchsanstalt Peenemünde.

Nom Krich gouf de Lübke Member bei der Christlich-Demokratische Union (CDU) a gouf 1947 zum Minister fir Landwirtschaft an Nordrhein-Westfalen ernannt. 1953 huet en op nationalem Plang déi selwecht Funktioun an der Regierung vum Konrad Adenauer iwwerholl.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Heinrich Lübke – Biller, Videoen oder Audiodateien