Heinrich Mameranus

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Heinrich Mameranus, gebuer ëm 1500 zu Mamer a gestuerwen tëscht 1563 a 1567, war en Drécker, Editeur a Libraire zu Köln.

Hien huet sech zu Köln als Nottär installéiert a 1550, mat Hëllef vu sengem Brudder Nicolaus do eng Dréckerei opgemaach. Tëscht 1550 a 1552 sinn do 18 Bicher editéiert ginn, dorënner der 5, déi den Nicolas geschriwwen hat. Duerno gouf et roueg bis 1560, wou nach eng Kéier een Titel erauskoum, deen awer just en neien Aband ëm scho virdrun editéiert Wierker war, soudatt ugeholl ka ginn, datt de Betrib just 3 Joer aktiv war.[1]

1561 huet de Mameranus eng Privatschoul am Haus, wou virdrun d'Dréckerei war, gefouert.

En ass tëscht 1563 a 1567 gestuerwen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • van der Vekene, Émile, 1973. Heinrich Mameranus: ein Luxemburger Drucker des 16. Jahrhunderts in Köln. 34 p. Verlag der Gutenberg-Gesellschaft, Mainz

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Notitz vum Albert Labarre iwwer dem Van der Vekene säi Buch in: Bull. Bibl. France, Paris, vol. 20, n° 5, I975, S.380.