Heinrich Pesch
Den Heinrich Pesch, gebuer de 17. September 1854 zu Köln, gestuerwen den 1. Abrëll 1926 zu Valkenburg, war e Jesuit, Economist a Sozialphilosoph.
Den Heinrich Pesch huet de Solidaritéitsprinzip an d'kathoulesch Sozialdoktrin agefouert. Hien ass besonnesch bekannt fir säi monumentalt Lehrbuch der Nationalökonomie.
De Pesch, deen 1876 an de Jesuitenuerden agetratt ass, krut d'Priisterwei am Joer 1888. Vun 1901 bis 1903 huet hien seng Économiesstudien zu Berlin verdéift. Dono huet hien, vun 1903 un, zu Lëtzebuerg am Schrëftstellerheem vun de Jesuiten um Lampertsbierg gelieft,[1] wou hien déi éischt Deeler vun sengem Lehrbuch der Nationalökonomie verfaasst huet.[2] 1910 ass hien op Berlin an d'Klouschter vu Marienfelde (Kloster zum Guten Hirten)[3] gezunn, wou hie weider u sengem Liewenswierk geschriwwen huet.[2]
[änneren] Publikatiounen
- Lehrbuch der Nationalökonomie, 5 Bänn, Freiburg 1905-1923. [2]
- Liberalismus, Sozialismus u. christl. Gesellschaftsauffassung, 2 Bänn, Freiburg 1893-1900.
[änneren] Literatur
- DBE, 2001. Pesch, Heinrich. In: Deutsche Biographische Enzyklopädie (DBE). Bd. 7. München, Deutscher Taschenbuch Verlag u. K.G. Saur, S. 607.
- Kettern, B., 1994. Heinrich Pesch. In: Biographisch-Bibliographisches Kirchenlexikon (BBKL). Band 7, Herzberg 1994, Sp. 236–247. [3]
- Zenz, H. Heinrich Pesch, Moraltheologe, Sozialethiker (1854-1926). Online-Publikatioun. (download: 20.04.2010)