Heinrich V. vu Lëtzebuerg
| Heinrich V. ? – 1281 |
||||||
|
|
||||||
|---|---|---|---|---|---|---|
|
||||||
|
Den Heinrich V. de Blonden war vun 1247 bis 1281 Grof vu Lëtzebuerg.
Hien huet sech am Abrëll 1240 mat der Margréit vu Bar bestuet.
Hien hat vun der Säit vu senger Mamm, der Ermesinde, d'Grofschafte Lëtzebuerg a Laroche geierft (Durbuy goung u säi Brudder Gérard, an Namouer huet schonns zënter 1192 engem Koseng vu senger Mamm, dem Baldouin V., Grof vum Hainaut, gehéiert), huet sech awer vun Ufank un Grof vun Namouer a vu Lëtzebuerg genannt fir domat seng Uspréch op d'Grofschaft Namouer ze weisen. Vu sengem Papp huet en nach d'Maarkgrofschaft Arel geierft. Den Heinrich de V. war deen éischte Grof, deen eng Form vum Lëtzebuerger Wope benotzt huet, déi haut nach bekannt ass.
Vun 1256 bis 1264 war hien, nodeems hien Namouer 1256 iwwerfall hat, iwwerdeems de Maarkgrof Baudouin II. vu Courtenay zu Konstantinopel war, Grof vun Namouer ënnert dem Numm Heinrich III. vun Namouer.
De Baudouin huet awer dem Gui vun Dampierre seng Rechter vun Namouer iwwerginn an deen huet Namouer erëm zréckeruewert. Noodeems déi zwéi Fridde geschloss haten, huet de Gui dem Heinrich seng Duechter Isabelle bestuet.
Kanner [änneren]
Aus dem Bestietnes 1240 mat der Marguerite vu Bar (1220-1275), Duechter vum 'Henri II., Grof vu Bar, an der Philippe vun Dreux, gounge 6 Kanner ervir:
- Henri VI. (1250-1288), Grof vu Lëtzebuerg;
- Walram I. (†1288), Grof vu Ligny a La Roche ;
- Philippa (1252-1311),bestuet 1270 mam Jean I. vun Hainaut (1247-1304);
- Marguerite (gëtt am Tournoi de Chauvency vum Jacques Bretel ernimmt) ;
- Jeanne († 1310), Äbtissin vu Clairefontaine ;
- Isabelle (1247-1298), bestuet 1264 mam Guy vun Dampierre (1225-1304), Grof vun Namouer a Flandern.
| Commons: Heinrich V. vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| Virgänger: Ermesinde |
Grof vu Lëtzebuerg 1247 - 1281 |
Nofolger: Heinrich VI. |