Heinz Kerp

Vu Wikipedia

Den Heinz Kerp, gebuer de 25. September 1963 zu Köln, ass en däitsche Journalist.

Nom Ofschloss vun der Werner-von-Siemens-Kollegschule an Elektrotechnik a Mathematik huet hien eng Maîtrise a Geschicht, Germanistik a Politik op der Universität zu Köln an op der Universität Siegen gemaach.

Hie war vun 2006 bis 2013 Chefredakter vu Lëtzebuerg Privat.[1] Virdru war en ënner anerem beim Kölner Express an der Kölnischen Rundschau beschäftegt.

Referenzen

  1. "Heinz Kerp zieht's zurück in die Heimat." luxprivat.lu, 04.09.2013.