Heinz Rühmann

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Heinz Rühmann op enger Postkaart, 1937

Den Heinz Rühmann, eigentlech Heinrich Wilhelm Rühmann, gebuer de 7. Mäerz 1902 zu Essen a gestuerwen den 3. Oktober 1994 zu Aufkirchen a Bayern, war ee vun de bekanntsten däitsche Schauspiller vum 20. Joerhonnert.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Heinz Rühmann ass 1902 zu Essen am Hotel Stemme op d'Welt komm. Seng Elteren, Hermann a Margarehth Rühmann, hunn am Fréijoer vum selwechte Joer e Café bei der Gare zu Wanne gelount. Haut erënnert den Numm vun der Garerplaz "Heinz-Rühmann-Platz" un déi Verbindung.

Virun de Clientë vum Café hat de Rühmann am Alter vu fënnef Joer seng éischt Optrëtter. Hie selwer huet déi Zäit als "d'Urszene" vu senger spéiderer Carrière bezeechent. Fir d'Stammclienten z'ameséieren huet den Herrmann Rühmann säi Bouf regelméisseg owes aus dem Bett geholl, fir hien op der Téik Gedichter opsoen ze loossen.

D'Geschäfter si sou gutt gelaf datt seng Elteren 1913 den Hotel Handelshof zu Essen mat Caféen, Restauranten, Wäisalon an diversen anere Commercen iwwerhuele konnten. D'finanziell Situatioun vun der Famill war duerch dee Projet awer därmoossen iwwerlaascht datt se Enn des Joers schonn hu musse Faillite umellen. Un de Folgen ass och d'Bestietnes vum Heinz Rühmann sengen Elteren ausernee gaangen. Am Mäerz 1915 goufe si gescheet. Den Herrmann Rühmann ass op Berlin geplënnert, wou hie kuerz drop, wahrscheinlech duerch Selbstmuerd, ëm d'Liewe koum. Déi genee Doudesursaach konnt awer ni gekläert ginn.

D'Margarethe an d'Kanner sinn an der Éischt mol zu Essen bliwwen. D'Famill ass awer 1916 op München geplënnert well eng Frëndin behaapt hat, München wier déi bëllegst däitsch Stad. Trotzdeem war et och an der bayrescher Landeshaaptstad schwiereg déi dräi Kanner mat enger klenger Witfraerent duerch ze bréngen.

Den Heinz Rühmann ass am Fréijoer 1919 op "Luitpold-Oberrealschule" gewiesselt fir do säin Abitur ze maachen. Hien ass awer ouni Freed an d'Schoul gaangen; säin Zil war an der Tëschenzäit, Schauspiller ze ginn. Hien ass bei eng Münchener Laiespillbühn gaangen. Seng Mamm huet hien dobäi voll ënnerstëtzt. Fir e professionellen Niveau ze kréien huet hie beim Hoftheaterschaupiller Friedrich Basil virgeschwat fir kënnen eng Schauspillausbildung ze maachen. Bei engem zweeten Ulaf huet et dunn och geklappt.

Seng fréi Carrière[änneren | Quelltext änneren]

Scho 6 Méint drop ass de Richard Gortner, deen zu Breslau zwéin Theatere geleet huet, op hien opmierksam ginn. Hien huet dem Rühmann op béide Bühnen en Engagement, fir e Loun vun 80 Mark de Mount, ugebueden. De Basil, deen d'Ausbildung a Gefor gesinn huet, huet protestéiert, sech awer spéider vu senge Kollegen iwwerzeege gelooss datt de Rühmann zu Breslau gutt opgehuewe wier. Kuerz ier hie seng Rees op Breslau untriede sollt ass de Rühmann enges Moies mat enger Gesiichtslähmung, wéinst enger Entzündung vum Gesiichtsnerv op der lénkser Säit, erwächt. Hien ass trotzdeem weidergefuer, gouf awer kuerz drop vu sengem neie Patron nees heem geschéckt, fir gesond ze ginn.

No e puer Woche war d'Lähmung verschwonnen an de Rühmann hat seng éischt Optrëtter. Deen erhoffte, groussen Erfolleg ass awer zu Breslau ausbliwwen. Seng Rolle waren ze dacks op e männlechen, heldenhaften Typ ausgeriicht. Seng kleng Statur an säi jonkt Ausgesi stoungen am Widdersproch dozou. Hien huet probéiert déi negativ Kritik duerch Opfalen an der Ëffentlechkeet ze kompenséieren. Dofir huet hien all Geleeënheet, déi sech gebueden huet, ausgenotzt. Sou huet hie sech, zum Beispill, privat ganz exzentresch gekleet.

Nodeem hien ongeféier ee Joer zu Breslau gespillt hat huet Direktioun gewiesselt an de Gortner gouf duerch de Paul Barnay ersat. De Barnay huet de ganzen Ensembel iwwerholl, mat Ausnam vum Heinz Rühmann, deen aus Mangel u Begabung net méi engagéiert gouf. Wei him an där Situatioun de Residenztheater vun Hannover eng Offer gemaach huet, huet hien déi direkt acceptéiert.

Awer och do gouf et déiselwecht Problemer: de Rühmann war ze kleng an ze jonk fir d'Helderoll ze spillen. Bis de Rühmann dat erkannt hat an hie sech iwwerluecht hat wéi hie sech dem Problem stelle géif, hat de Residenztheater 1922 seng Dieren zougemaach. D'Wirtschaftskris vun deemools hat dem Theater déi finanziell Mëttelen entzunn. No engem kuerzen Openthalt zu München huet hien eng nei Plaz zu Bremen fonnt.

Do krut hien d'Haaptroll am Stéck "Der Mustergatte" ugebueden. Si huet exakt senger perséinlecher Ausstralung entsprach an et gouf e groussen Erfolleg. Méi wéi 2.000-mol huet hie se an den 30 Joer duerno gespillt. 1937 ass de Film mam selwechten Numm e "Kassenschlager" ginn. Anescht, wéi hien et selwer a sengen Erënnerungen duergestallt huet, war "Der Mustergatte" fir d'Bremer Schauspielhaus déi erfollegräichst Opféierung am Joer 1922. Am Dezember vum selwechte Joer huet de Rühmann säi Kontrakt gekënnegt well et Schwieregkeete mat der Direktioun vum Haus gouf, un deenen hie selwer wéinst den deelweis exageréierten Extempore net ganz onschëlleg war.

Duerch d'gesamtwirtschaftlech Situatioun war et schwéier duerno en Engagement ze kréien. De Rühmann huet sech ëmsoss ëm eng Plaz am Braunschweiger an am Düsseldorfer Schauspielhaus beméit. Schliisslech huet déi bayresch Landesbühn, een Tourneetheater ouni fest Bühn, hien ënner Kontrakt geholl. Déi war 1921 vum bayresche Kulturministère gegrënnt ginn, an d'Leedung hat deemools den Otto Kustermann, dee sech als Oberregisseur am Bremer Schauspielhaus een Numm gemaach hat. De Kustermann hat seng Schauspiller an zwou Gruppen opgedeelt, déi sech ni gesinn hunn, well si a verschiddene Géigenden opgetruede sinn.

De Rühmann ass just puer Méint bei der Bayrescher Landesbühn bliwwen an ass bei Müchener Kammerspiele gewiesselt. D'Hermine Körner, déi deemools Directrice war, huet an him eng wesentlech Beräicherung vun hirem Ensembel gesinn, woumat de Rühmann voll averstane war. Ëm déiselwecht Zäit huet hien och déi éischt Offer kritt fir an engem Stommfilm matzespillen. Grondsätzlech war hien net begeeschtert vun deem Medium, mä d'Pai huet hie schlussendlech iwwerzeegt. Fir 10 Dréindeeg goufe 500 Mark Gage an Aussicht gestallt. Sou komm et schlussendlech datt hien am Film "Das deutsche Mutterherz" op de groussen Ecran koum.

Den [9. August] huet hie sech mat der Maria Bernheim bestuet. Amplaz vun enger Hochzäitsfeier gouf et d'Première vum Slang sengem Stéck "Die Erwachsenen", an deem de Rühmann eng Haaptroll ungeholl hat. Wéi de Rühmann en Engagement beim Däitschen Theater vu Berlin krut huet d'Koppel sech ëmmer manner gesinn, wat zu gudder Lescht Auswierkungen op hire Stot hat.

Seng Carrière als Filmschauspiller[änneren | Quelltext änneren]

Géint Enn vun den 1920er Joren ass den Heinz Rühmann deen erfollegräichste däitsche Bühneschaupiller ginn. "Der Mustergatte" huet nach ëmmer Erfolleger gefeiert an hien huet an der Haaptroll am Film Charleys Tante gutt Kritike kritt. 1930 ass den Erich Pommer, déizäitege Produktiounschef vun der UFA op de Rühmann opmierksam ginn an huet en op e Virschwätze fir en Tounfilm agelueden. Leider huet de Rühmann dobäi net iwwerzeegt a gouf net engagéiert. Stur huet hien dru geschafft fir eng zweet Chance ze kréien, déi hien dunn och krut. Déi Kéier huet hien e revoltäre Schüler am Sträit mat sengem Schoulmeeschter gespillt. Domat huet hien de Pommer iwwerzeegt an huet doropshin d'Roll vum "Hans", nieft dem Willy Fritsch an dem Oskar Karlweis, eng vun den Haaptrollen am Film "Die drei von der Tankstelle" kritt. Mat enger Aspillzomm vu 4,3 Millioune Reichsmark (ëmgerechent = 17,07 Milliounen Euro) [1] gouf de Film deen erfollegräichste vun der Saison. De Rühmann war vun do un, a ganz Däitschland an iwwer d'Grenzen eraus, bekannt.

De Pommer war vu sengem nei entdeckte jonke Schauspiller begeeschtert. Nach ier "Die drei vun der Tankstelle" d'Kinopremière erlieft huet, krut de Rühmann nach eng Roll: "Einbrecher". Bei sengem nächste Film fir d'UFA, "Der Mann, der seinen Mörder sucht" (1931, huet hie fir d'éischt Kéier eng Haaptroll gespillt a seng Gage huet sech verduebelt.

Finanziell ofgeséchert huet de Rühmann sech e Jugenddram erfëllt: Hien huet de Piloteschäin gemaach, a sech en eegene Fliger kaaft. De passionéierte Pilot huet 1932 d'Bekanntschaft mam Ernst Udet gemaach, dem Loftkampfheld aus dem Éischte Weltkrich. Seng Wunneng an der Salzburger Strooss zu Berlin-Wilmersdorf huet hien nom Virbild vum Udet senge Raimlechkeeten ageriicht. A sengem "Fligerzëmmer" houngen eng etlech Fotoen, déi si zwéin op gemeinsamen Ausflich gewisen hunn.

1932 hat de Rühmann den Héichpunkt vu senger Carrière erreecht. Hien huet mat der UFA en Dauercontract ofgeschloss an ass sou dee bescht bezuelten Acteur am Däitsche Räich ginn.

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

als Schauspiller[änneren | Quelltext änneren]

als Regisseur[änneren | Quelltext änneren]

  • 1938: Lauter Lügen (mam Albert Matterstock, Hertha Feiler, Fita Benkhoff)
  • 1940: Lauter Liebe (mam Hertha Feiler, Hans Leibelt, Helmut Weiss)
  • 1944: Der Engel mit dem Saitenspiel (mam Hertha Feiler, Hans Söhnker, Hans Nielsen)
  • 1944: Sophienlund (mam Hannelore Schroth, Hans Quest, Harry Liedtke)
  • 1948: Die kupferne Hochzeit (mam Hertha Feiler, Peter Pasetti, Hans Nielsen)
  • 1953: Briefträger Müller

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Heinz Rühmann – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]