Heitor Silva Costa

Vu Wikipedia
Heitor Silva Costa
Gebuer 25. Juli 1873
Rio de Janeiro
Gestuerwen 21. Abrëll 1947
Rio de Janeiro
Nationalitéit Brasilien
Aktivitéit Ingenieur

Den Heitor da Silva Costa, gebuer de 25. Juli 1873 a gestuerwen den 21. Abrëll 1947, war e brasilianesche Bauingenieur.

Hien huet 1924 e Concours gewonnen, fir um Bierg Corvovado zu Rio de Janeiro eng monumental Statu vum Christus dem Erléiser (Cristo Redentor) opzeriichten. Uleies war den 100. Anniversaire vun der Onofhängegkeet vu Brasilien (1822).

De Cristo Redentor zu Rio de Janeiro, dat bekanntst Wierk vum Silva Costa.