Helbichbaach

Vu Wikipedia

D'Hel(l)bich(baach) ass eng Baach an der Gemeng Kiischpelt.

Se entspréngt op enger Héicht vu 425 m an engem klengen Dall nërdlech vum Bärel. Vun do aus leeft se op enger Längt vu ronn 1,8 km a südwestlecher Richtung, ier se, kuerz virun der Uertschaft Lellgen, op enger Héicht vun 300 m, vu riets an d'Lellgerbaach leeft, eng Niewebaach vun der Klierf.

D'Helbichbaach leeft duerch d'Naturschutzgebitt Lellgen-Fréng/op Bärel.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen[Quelltext änneren]