Heliograph

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Heliograf no Campbell Stokes

Den Heliograph oder Pyroheliometer genannt, ass en einfacht Miessinstrument fir d'Bestëmmung vun der Sonneschäindauer an engem Dag. E besteet aus enger grousser Glaskugel, déi als Brennglas wierkt. An der Brennfläch vun der Kugel ass eng Plastik- oder Pabiersträif mat enger Zäitmarkéierung ugemaach.

Bei Sonneschäin brennt d'Sonn e schmuele Strich an de Plastik- resp. Pabiersträif. Un Hand vun der Zäitmarkéierung kann duerno genee bestëmmt ginn, zu wat fir enger Zäit a wéi laang d'Sonn geschéngt huet. Fir d'Bestëmmung vun der Dagessonneschäindauer ginn d'Zäiten zesumme gezielt.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Heliograph – Biller, Videoen oder Audiodateien

[änneren] Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen