Heliographie
D'Heliographie (Konschtwuert, aus griich., Hélios = Sonn, gráphō = zeechnen/ beschreiwen), ass déi vum Joseph Nicéphore Niépce entwéckelt Method, déi als éischt an der Geschicht vun der Fotografie dauerhaft Biller maache konnt.
De Niépces hat seng Experimenter schonns 1811 ugefangen. Eng éischt liichtbestänneg heliographesch Kopie vun engem graphesche Blat huet hien 1822 fabrizéiert. D'Experiment vun 1826 gëlt als eigentlech Gebuertsstonn vun der Fotografie, well et dem Niépce fir d'éischt gelongen ass, mat der Kamera dauerhaft fotografesch Biller ze maachen. De Niépce huet vun 1829 u mam Jacques Louis Daguerre zesummegeschafft. Als offiziellt Gebuertsjoer vun der Fotografie gëlt 1839 mat der ëffentlecher Presentatioun vum Daguerreotyp.
Inhaltsverzeechnes |
Technik vun der Heliographie [änneren]
De Niépce krut 1826 mat enger Camera obscura an enger mat Godrong beschichter, 21×16 cm grousser poléierter Zënnplak e Bléck aus der Fënster vu sengem Aarbechtszëmmer festgehalen. D'Beliichtungszäit louch bei ca. aacht Stonnen. Ënner Liichtawiirkung gouf de Godrong haart, sou datt bei der uschléissender „Entwécklung“ mat Lavendeluelech a Pëtrol nëmmen déi méi schwaach beliichten Godrongsdeeler erausgeléist goufen. Soumat war d'Bild zugläich „fixéiert“ a liichtbestänneg. Dat eigentlecht Zil vum Niépce war, déi Plack dann ze ätze fir dovun duerch Drockvirgang Ofzich ze kréien, wat him allerdéngs nëmme vu Kontaktkopien vu Stréchvirlagen (Kofferstécher, Radéierungen) gelongen ass. Gebraucht huet hien och: Lithographiesteng, Glasplacken , Zënn-, Zénk-, Koffer- a versëlwert Placken. Bei spéideren Experimenter huet hien déi entwéckelt Placke mat Jod bedämpt fir d'Schieddeeler ze schwäerzen, huet dann déi lescht Godrongsschicht mat Alkohol opgeléist a krut esou kontrasträich Direktpositiver. D'Heliographie koum zwar zu Liewzäite vum Niépce net zum allgemenge Gebrauch, gouf awer spéider vu sengem Neveu Claude Félix Abel Niépce de Saint-Victor weiderentwéckelt. Him ass et 1855 gelongen, mat Hëllef vum Kofferstiecher Lemaître d'Heliographien ze ätzen an dovun Dréck ze maachen, wat de Grondsteen fir déi spéider Heliogravur-Method geluecht huet.
Weider fréier fotografesch Methoden [änneren]
- Daguerreotyp (ëm 1835)
- Talbotyp (och Kalotyp resp. Argyrotyp; ëm 1835)
- Ambrotyp (ëm 1850)
- Ferrotyp (ëm 1850)
- Kollodium-Naassplack (ëm 1850)
- Wothlytyp (1864)
Umierkung: heliographesch Koordinate sinn e Begrëff aus der Astronomie.
Literatur [änneren]
- Wolfgang Autenrieth: Techniken der Radierung und der Edeldruckverfahren – Vom „Hexenmehl und Drachenblut“ zur Fotopolymerschicht – Tipps, Tricks, Rezepte und Anleitungen. Ein Werkstattbuch. Krauchenwies 2006, ISBN 3-00-016757-9. (Daraus 100 Seiten als Online-Ausgabe, Link zur Sitemap)
- Ernst Lietze: Modern heliographic processes : A manual of instruction in the art of reproducing drawings, engravings, manuscripts, etc., by the action of light: for the use of engineers, architects etc.. New York 1888 (Reprint: Rochester, N.Y. 1974).
- Gernsheim Helmut: Geschichte der Photographie. Propyläen-Verlag, 1980.
- Baier Wolfgang: Geschichte der Fotografie. Verlag Schirmer/Mosel, 1980.
- Eder J.M.: Geschichte der Photographie. Verlag W. Knapp, 1932.