Helium

Vu Wikipedia
Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Eegenschaften
Waasserstoff - Helium - Lithium
 
He
Ne  
 
 
1s2
4
2
He

Helium (Symbol He) ass e cheemescht Element mat der Uerdnungszuel 2 am Periodesystem vun den Elementer. Den Helium zielt zu den Eedelgasen.

Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Helium Laser

Den Helium fänkt u mat kache bei -268,9 °C a kann nëmme flësseg gemaach gi bei 26 Bar a -272,1 °C. Bei -270,82 °C entsteet eng Form déi Helium 2 genannt gëtt an déi 600-mol besser Hëtzt leet wéi Koffer a Maueren eropleeft. Ons Atmosphär enthält 0,0005 %(vol) He, am Universum ass et nom Waasserstoff dat zweetheefegst Element mat 23 % an der Mass.

Roll a Verwendung[änneren | Quelltext änneren]

Den Helium gëtt haaptsächlech als Gas benotzt fir eng kënschtlech Atmosphär ze maachen, déi net mam Rescht vun de Produkter (Gasen, Flëssegkeeten, Festkierper) reagéiere kann.

Dat läit dodrun datt den Helium eng Orbital 1s2 huet. Déi Orbitéit ass ënner normale Bedingunge komplett a ka keng klassesch kovalent Bindung agoe wéi et bei H2O de Fall ass.

Et ass allerdéngs bekannt datt Helium ënner spezielle Konditioune ka Reaktiounen agoen. Déi éischt vun dëse Reaktiounen ass an de 50er Jore bei der Sich no Karboanione fonnt ginn, mat engem extreem schwaache Rendement vun 0,06 % CH3He.

Fir déi Moleküll z'erkläre muss een dat klassescht Konzept vun der Koppelbindung an de Molekülle vergiesen, an et sou gesinn, datt CH3+ sou reaktiv ass, datt déi Lacune mat dem Doublet vun der 1s2 vum Helium ka reagéieren.

De Gas gëtt dacks nach anescht benotzt an zwar fir e Loftballon fortfléien ze loossen. Beim Dauchen an an der Medezin gëtt Helium heiansdo benotzt fir den N2 z'ersetzen. Des Weidere gëtt Helium gebraucht fir ofzekillen z. B. an Nuklearreakteren.

Heliumproduktioun[änneren | Quelltext änneren]

Helium kënnt duerch de radioaktive Verfall bei ons an d'Atmosphär.

Duerch Ofkillung behält een als lescht Helium a Gasform, a sou kann een duerch eng Trennung vun de Gasen an der Atmosphär déi eenzel Gaser gewannen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Helium – Biller, Videoen oder Audiodateien