Hellas Planitia

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Hellas Planitia
Den Hellas Planitia, opgeholl a Falschfaarwen.
Eegeschaften
Regioun Hellas Planitia
Breet -42.4
Längt 70.5
Duerchmiesser 2200 km
Déift 7152 m
Alter ongeféier 3,9 bis 3,5 Mrd. Joer
Entdecker
Genannt no Hellas, dem eegene Numm
fir Griichenland

Den Hellas Planitia, ass de gréissten Impaktkrater um Planéit Mars an nom Südpol-Aitken-Becken um Äerdmound wahrscheinlech den zweetgréissten an eisem Sonnesystem. Hie gouf no Hellas, dem eegenen Numm fir Griicheland genannt.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

De Marskrater ass op der südlecher Hemisphär vum Planéit. Hien huet eng elliptesch Form mat enger Gréisst vun ongeféier 2.200 × 1.600 km an ass mat enger Déift vu bis zu 9 km déi déifst Regioun um Mars. Ëm de Krater verleeft e Rank aus opgeworfenem Material vu ronn 2 km Héicht.

Nordëstlech vum Hellas Planitia läit de Vulkan Hadriacus Mons. D'Hadriaca Patera, déi 66 km grouss Caldera vum Vulkan, läit bei 30° 12′ S, 92° 47′ O-30.292.797. Um südlechen Hank vum Vulkan fänkt de Stroumdall vum 794 km laange Dao Vallis (37° 37′ S, 88° 53′ O-37.6188.897) un a reecht bis zum ëstleche Grond vum Marskrater. Den Dao Vallis gëtt duerch dat 360 km laangt Niger Vallis (34° 58′ S, 92° 34′ O-34.9692.577), dat um südëstlechen Hank vum Vulkan ufänkt, verläengert. Ëstlech vum Hellas Planitia fänkt de 527 km laange Stroumdall Harmakhis Vallis (40° 59′ S, 90° 4′ O-40.9890.067) un, deen och bis zum ëstleche Grond vum Marskrater verleeft.

Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Den Hellas Planitia entstoung wahrscheinlech viru ronn 3,9 bis 3,5 Mrd. Joer, an der Noachescher Period, duerch den Aschlag vun engem kilometergroussen Asteroid.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hellas Planitia – Biller, Videoen oder Audiodateien