Helleg Walburga
| Helleg Walburga Walburga 710 – 25. Februar 779 |
||||||||
|
Statu vun der helleger Walburga an der Kierch zu Konter
|
||||||||
| Detailer | ||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
D'Helleg Walburga ass 710 n.Chr. zu Devonshire, Wessex, an England gebuer ginn als Duechter vum Kinnek Richard vun England (deen 1150 helleggesprach gouf) an der helleger Wunna. Hir Bridder sinn de Willibald an de Wunibald (oder Winebald).
Inhaltsverzeechnes |
Biographie [änneren]
Si war Schülerin vun der Helleger Tatta, enger Märtyrerin, am Wimborne Monastery zu Dorset. 748 n.Chr. ass si vum Hellege Bonifatius, dem Brudder vun hirer Mamm, als Missionär an Däitschland geruff ginn an huet als Nonn am Klouschter Tauberbischofsheim gelieft.
Mat 3 Ähre soll si e Kand virum Hongerdoud gerett hunn, um Wee bei d'krank Duechter vun engem Buerghär soll si vun Hënn ugefall gi sinn, déi si awer, nodeems se de Kniechten déi hir zu Hëllef komme wollten zougeruff huet si géif ënnert dem Schutz vu Jesus Christus stoen, vun hir ofgelooss hunn.
761 n.Chr. ass d'Walburga Äbtissin vun deem vum Wunibald 751 n.Chr. gestëfte Benediktiner-Klouschter Heidenheim op der Brenz a Franken geinn. Si huet d'Männerklouschter duerch e Fraeklouschter erweidert. De 25. Februar 779 n.Chr ass si gestuerwen an am Klouschter bäigesat ginn. 100 Joer méi spéit sinn der Walpurga hir Reliquien op Eichstätt an d'Kierch St. Walburg komm.
D'Walburga ass duerch de Poopst Hadrian II. een 1. Mee gutt 100 Joer no hirem Doud helleggesprach ginn.
Patréinesch [änneren]
- géint Houscht
- géint Honger
- géint Ploen
- géint Stierm
- géint Hondsbëss
- géint Tollwut
- vun de Schëffer
- vum Karschnatz
- vun der Stad Antwerpen an der Belsch
- vun der Stad Oudenarde an der Belsch
- vun der Stad Gronigen an Holland
- vun der Stad Zutphen an Holland
- Zu Konter ass si fir Heelung bei Aenleiden ugeruff ginn
Duerstellungen [änneren]
- Als Äbtissin mat 3 Éigen
- Als Äbtissin mat Engelen déi eng Kroun iwwert si halen
- Als Äbtissin am Stammbam vun de Kinneken vun England
- Nieft hirem Graf dat en Ueleg ofsonnere soll
- Mat enger Phioul Ueleg
- Als kinneklech Äbtissin mat enger klenger Fläsch Ueleg an engem Buch
- Mat engem Zepter, enger Kroun
- Mat hire Bridder, dem Hellege Willibald an dem Hellege Wunibald
[änneren]
- Hir Kalennerdeeg sinn de 25. Februar an den 1. Mee.
- Drëpsen déi hir Grafplack vun Zäit zu Zäit ofsonnert erginn deen a Fläschen ofgefëlltenen heelkräftege "Walpurgisueleg"
- Walpurgiskraut (Hypericum) ass eng Bléieplanz déi op den Heedewisen an dréchene Grashiwwele wiisst. Et gëtt nieft Mëllechkane geluecht a soll géint d'Verhexung vun der Mëllech schützen a fir räich Rahm suergen. Op Brout verfiddert soll et d'Fruchtbarkeet vun de Ranner steigeren.
- De Brauchtem vun der Walpurgisnuecht huet u sech näischt mat der Helleger Walburga ze dinn. Den Numm kënnt dohier datt Beltane, respektiv den Hexesabbat an der d'Nuecht vum 30. Abrëll op den 1. Mee, dee jo den Dag vun der Helleger Walpurga ass, gefeiert ginn ass.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Saint Walpurga – Biller, Videoen oder Audiodateien |