Hellege-Jousefs-Oratorium

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den "Oratoire Saint-Joseph du Mont-Royal" zu Montreal

Den Hellege-Jousefs-Oratorium ass eng réimesch-kathoulesch Basilika an der kanadescher Stad Montreal.

D'Kierch steet südwestlech vum Mont-Royal, dem Bierg, vun deem d'Stad hiren Numm hier huet, a si ass z'erreechen iwwer eng Trap mat 300 Träppleken. 1924 ass mat Bauen ugefaange ginn, an eréischt 1954 war d'Gebai fäerdeg. Et faasst 10.000 Leit, dovu sinn 3.000 Sëtzplazen. Domat ass et eng vun de gréisste Kierchen iwwerhaapt an déi gréisst a Kanada. D'Architekte waren den Dalbé Viau an den Alphonse Venne.

D'Basilika huet eng Längt vun 105 Meter, ass 37 Meter breet an eng Héicht vun 129 Meter. Déi aachteckeg Kuppel huet e Bannenduerchmiesser vu 26 m a e baussenzege vun 39 m. D'Kuppelbannenhéicht ass 60m.

De Liftraum vun der Basilika

Fir de Bau ass haaptsächlech Granit verschafft ginn, a fir d'Kuppel Koffer.

Commons: Saint Joseph's Oratory of Mount-Royal – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen