Hellege Fiakrius

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Statu vum Hellege Fiakrus an der Méchelskierch zu Buerschent.

Den Hellege Fiakrius staamt aus Irland.
Obwuel hien am siwente Joerhonnert gelieft soll hunn, gëtt säin Numm eréischt 1170 an iresche Martyrologien ernimmt. Nodeem hien aus Irland fortgaange war, goung en a Frankräich an huet do d' Klouschter Breuil mat engem Spidol gegrënnt. Doraus huet sech mat der Zäit d'Uertschaft Saint-Fiacre-en-Brie am Departement Seine-et-Marne entwéckelt.

Den Numm an aner Sproochen[änneren | Quelltext änneren]

Däitsch: Fiakrius
Franséisch: Fiacre, Varianten: Fèfre oder Fèvre
Italienesch: Fiacrio
Latäin:Fiacrus

Patréiner[änneren | Quelltext änneren]

Den hellege Fiakrius ass de Patréiner vun de Gäertner, den Taxichaufferen an de Koloproktologen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anne Wienert a Volker Wienert: St. Fiakrius—Schutzpatron der Koloproktologen, In: coloproctology Volume 27, Number 4 / August 2005, Urban & Vogel, ISSN 0174-2442

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hellege Fiakrius – Biller, Videoen oder Audiodateien