Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Hellegt Réimescht Räich)

D'Hellegt Réimescht Räich, méi spéit Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun war déi offiziell Bezeechnung fir dat Räich, wat sech 962, mat der Regence vum Otto I., aus dem karolengeschen Ostfrankeräich erausgebilt a bis 1806 bestanen huet.

D'Formel Imperium Ro. manum (Réimescht Räich) huet schonn zum Keesertitel vum Karel de Groussen gehéiert. Eréischt zurzäit vum Keeser Friedrich I., 1157, ass den Zousaz Sacrum ("Helleg") am Keesertitel opgedaucht.

Zanter dem Keeser Karel IV. ass den Ausdrock Sacrum Imperium Romanum ("Hellegt Réimescht Räich") (1254 fir d'éischt beluecht) opgetrueden. 1438 begéint ee fir d'éischt den Zousaz Nationis Germanicae ("vun Däitscher Natioun"). 1486 gouf dësen Titel fir d'éischt an engem Gesetz gebraucht.

Op Drock vum Napoleon Bonaparte huet de Keeser Franz II. de 6. August 1806 d'Räichskroun niddergeluecht a gläichzäiteg dat aalt Räich opgeléist.

Charakter vum Räich[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm erhieft den Usproch, engersäits den Nofollger vum (anticken) Réimesche Räich an domat den Herrscher vun der Welt ze sinn an anerersäits gëtt dësen Usproch an d'Hellegt gehuewen, vu wou déi ierdesch Herrschaft ofgeleet a legitiméiert gëtt.

Dat sougenannt Hellegt Réimescht Räich war aus dem ostfränkesche Räich, dat och Regnum Teutonicorum ("Kinnekräich vun den Däitschen") genannt ginn ass, entstanen. Dëst Räich huet sech zesummegesat aus verschiddene Gebidder mat adlegen Herrscher. Et huet dee ganzen däitsche Sproochraum ageschloss ouni sech awer zu engem Nationalstaat wéi z. B. Frankräich oder Groussbritannien z'entwéckelen (wat och net gewënscht war).

D'Kinneken an d'Keesere hu meeschtens aus Prënzenhaiser aus dem Räich gestaamt. Am Mëttelalter huet d'Räich quasi aus autonome Prënzen- an Herzogtemer bestanen, déi de Keeser als Chef vum Räich unerkannt hunn. Hien ass vun engem Grupp vu geeschtlechen a weltleche Fürste bestëmmt ginn. Zanter dem Interregnum gouf hie vum Kolleegium vun de Kurfürste gewielt.

D'Räich huet och Bevëlkerungsgruppe mat anere Sproochen a Kulturen ageschloss. Dofir huet z. B. och de Kinnek vu Béimen zum Krees vun de wielberechtegte Fürste gehéiert. Eréischt duerch d'kurfürstlech Decisioun an duerch d'Kréinung duerch de Poopst ass de mëttelalterleche réimesch-däitsche Kinnek och Keeser ginn.

Zum Zäitpunkt vu senger gréisster Ausdeenung huet d'Räich déi follgend Gebidder ëmfaasst: Dee gréissten Deel vum haitegen Däitschland, Éisträich, Slowenien, d'Schwäiz, Liechtenstein, d'Belsch, Holland, Lëtzebuerg, Tschechien, den ëstlechen Deel vu Frankräich, den nërdlechen Deel vun Italien, de westlechen Deel vum haitege Polen an Istrien. Et hunn also net nëmmen Däitscher mat hiren nidder-, mëttel- an uewerdäitschen Dialekter am Räich gelieft, mä och Mënschen déi slawesch Sproochen oder Sproochen aus deene sech dat modernt Italieenesch oder Franséisch entwéckelt huet, geschwat hunn. Latäin war d'Sprooch vun de Geléierten a vum Klerus.

Struktur an Institutiounen[änneren | Quelltext änneren]

Et goufen e puer zentral Institutiounen, wéi de Räichsdag, d'Räichskammergeriicht, de Räichshaffrot an, am Krichsfall, d'Räichsarméi. Eng Räichsregierung an eng Räichshaaptstad gouf et net. D'Haaptstad war am Prinzip d'Residenzstad vum Keeser (joerhonnertelaang war dat Wien. Fir de Landfridden z'erhalen a fir militäresch Zwecker war d'Räich a Räichskreeser agedeelt.

1502 a vu 1520 bis 1522 ass versicht ginn, e Räichsregiment opzestellen. Aus finanzielle Grënn ass awer näischt draus ginn. Nom Westfälische Fridden 1648 war d'Räich nëmme méi e labbere Verband vun däitschen Territoirë mat der selwechter Justiz. De Voltaire huet de Geck gemaach: weeder helleg, nach réimesch, a scho guer kee Räich. Eng Kollaboratioun ass meeschtens duerch de Partikularismus vun de gréissere Fürsten an zulescht duerch den Dualismus Preisen-Éisträich net méiglech gewiescht.

Entstoe vum Numm[änneren | Quelltext änneren]

Mat der Kréinung vum Frankekinnek Karel de Groussen zum Keeser duerch de Poopst Leo III. am Joer 800 huet dësen den Usproch op d'Nofolleg vum antike réimeschen Imperium, dem sougenannten Translatio Imperii, erhuewen. Allerdéngs war aus dem ale réimesche Räich schonn d'chrëschtlech-orthodoxt Byzantinescht Räich entstanen an, no Usiicht vun de Byzantiner, war dat neit westlecht Réimescht Räich illegitim a selwer ernannt.

Soulaang de Karel de Grousse gelieft huet konnt säi Frankeräich sech als Groussmuecht nieft Byzanz an dem Kalifat behaapten. Mä no sengem Doud ass e Géigesaz entstanen tëscht der germanescher Traditioun fir d'Räich ënner de Jongen opzedeelen an de muechtpoliteschen a kierchlechen Interessien, d'Eenheet vum Räich bestoen ze loossen. D'Traditioun huet sech awer duerchgesat an d'Frankeräich ass an zwee Deeler zerfall: d'Westfrankeräich um Buedem vum haitege Frankräich an d'Ostfrankeräich, dem westlechen Deel vum haitegen Däitschland.

De Keesertitel ass am Ostfrankeräich bliwwe wéi den Otto I. de Grousse sech 962 zu Roum zum Keeser kréine gelooss huet. Zu dësem Zäitpunkt huet d'Räich nach net d'Prädikat helleg gedroen. Dat war och net noutwenneg well d'Muechtverhältnisser sou waren, datt de Keeser sech dem Muechtusproch vum Poopst entzunn hat. Ausserdeem ass de Keeser souwisou als Stellvertrieder Gottes ugesi ginn.

Nodeem déi sakral Sphär vum Keesertum duerch den Investitursträit (1075 - 1122) gréisstendeels opgehuewe gi war, hunn d'Keeseren dësen Usproch elo verbal fir sech reklaméiert. Sou ass wärend der Zäit vum Friedrich I., genannt Barbarossa, de Begrëff vum sacrum imperium entstanen. Vun elo un hunn d'Keesere sech op dat Réimescht Recht gestäipt fir hir Muechtuspréch ze begrënnen.

Am sougenannten Interregnum vun 1250 bis 1273, wéi et kengem vun deenen dräi gewielte Kinneke gelonge war fir d'Kinneksmuecht zur Geltung ze bréngen, huet den Usproch, den Nofollger vum Réimesche Räich ze sinn, sech mam Predikat helleg verbonnen zur Bezeechnung Sacrum Romanum Imperium (lëtz.: Hellegt Réimescht Räich). Also ausgerechent an enger Zäit, wou et kee Keeser ginn ass.

Den Zousaz Nationis Germanicae ("Germanescher Natioun", awer iwwersat als "Däitscher (Teutonicae) Natioun") ass eréischt ëm 1450 entstanen, warscheinlech well d'Muecht vun de Keesere sech am wesentlechen op d'Gebidder vun den haitegen däitschsproochege Länner bezunn huet. Fir d'éischt ass dësen Zousaz offiziell am Joer 1512 an der Préambule vun Abschied des Reichstags zu Köln gebraucht ginn: De Keeser Maximilian I. hat d'Räichsstänn invitéiert zwecks Erhaltung (......) des Heiligen Römischen Reiches Teutscher Nation.

Bis 1806 war Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun déi offiziell Bezeechnung vum Räich (ofgekierzt als SRI fir Sacrum Romanum Imperium oder HRR op Däitsch an op Lëtzebuergesch.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Entstoe vum Räich[änneren | Quelltext änneren]

D'HRR ass entstanen aus dem Ostfränkesche Räich. No der Kréinung zum Keeser vum Otto I. ass et normal ginn, datt déi ostfränkesch Kinneken zu Keesere gekréint goufen. Dofir ass, am Laf vun der Zäit, d'Ostfränkescht Räich als westlechen Nofollger vum Réimesche Räich akzeptéiert ginn. Well d'Räich awer, am Géigesaz zum anticken, chrëschtlech war, ass et geschwënn als Hellegt Réimescht Räich bezeechent ginn.

Mëttelalter[änneren | Quelltext änneren]

Lützelburg (Lëtzebuerg) zurzäit vum Karel IV.

Am héije Mëttelalter huet d'Räich sech ëmstrukturéiert. D'Grofschaften aus dem Ostfränkesche Räich, déi am Ufank nëmmen als Verwaltungseenheete geduecht waren, hate sech zu gréisseren Eenheeten zesummegeschloss. Dës territorial Unitéite sinn dunn Herzogtemer genannt ginn. Et ware relativ autonom Eenheeten, déi awer versicht hunn d'Kinneksmuecht z'iwwerhuelen. Dës Entwécklung ass haaptsächlech am 12. Joerhonnert geschitt. D'Haus Lützelburg (Lëtzebuerg) war eng vun de mächtegste Famillen zu där Zäit; souguer Brandenburg mat Berlin war ënner hirer Kontroll. Méi spéit koum et duerch Allianzen an Neiverdeelunge vu Rechter erëm zu territorialen Herrschaften, déi awer däitlech méi kleng ware wéi d'Herzogtemer. Dëse Prozess war géint 1500 ofgeschloss.

An der Mëtt vum 11. Joerhonnert huet d'Räich ongeféier 800.000 bis 900.000 km² ëmfaasst an ass vun ongeféier 8 bis 10 Millioune Mënsche bewunnt ginn. Bis Enn vum 13. Joerhonnert war d'Bevëlkerung bis op 12 - 14 Milliounen ugewuess.

D'Räich huet zanter 1032 aus dem Regnum Francorum ("Ostfrankeräich") (méi spéit och Regnum Teutonicorum genannt), dem Regnum Langobardorum oder Regnum Italicum am haitegen Nord- a Mëttelitalien an aus dem Kinnekräich Burgund bestanen.

Neizäit[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1495 ass den Allgemenge Landfridden agefouert ginn. Dëst war d'Geleeënheet, fir den Ufank vun der Neizäit ze markéieren. Kuerz drop ass d'Struktur vum Räich nees verännert ginn. 1500 a 1512 ass et a Räichskreeser agedeelt ginn.

Reformatioun[änneren | Quelltext änneren]

Am Laf vun der Reformatioun ass dem Kinnek / Keeser seng Muecht lues a lues zerbréckelt. Et si konfessiounsgebonnen Allianzen tëscht de Räichsstänn entstanen, déi dacks géintenee gekricht hunn. Den Héichpunkt vun de Verännerunge war den Drëssegjärege Krich. Dobäi huet de Keeser eng lescht Kéier versicht fir seng al Muechtstellung erëmzegewannen an d'Eenheet vun der Kierch erëm ze stabiliséieren. Dëse Versuch ass net gelongen. Et ass e Räich entstanen an deem kaum nach un de Grenze vun den Territoirë geréckelt ginn ass an an deem de Keeser nëmme méi eng representativ Roll gespillt huet. Seng Funktioun huet sech praktesch op déi als Äerzherzog vun Éisträich beschränkt.

Enn vum Räich[änneren | Quelltext änneren]

Wärend den Napoleonesche Kricher huet d'Räich ugefaangen ze zerbriechen. Sou haten de Fridden tëscht Preisen a Frankräich (1795) an de Fridde vu Lunéville tëscht Éisträich a Frankräich (1801) d'Fëllementer schonn ziddere gedoen.

D'Säkularisatiounen duerch de Räichsdeputatiounshaaptschluss 1803 hunn ausserdeem dofir gesuergt, dat empfindlecht politesch-konfessionelt Gläichgewiicht, wat duerch de Westfälische Fridden entstane war, ze zerstéieren.

Den 2. Februar 1804 huet dunn den Napoleon sech zum Keeser vun de Fransouse kréine gelooss. Hie wollt doduerch engersäits seng Muecht festegen, anerersäits seng Gréisst däitlech méi siichtbar maachen. Virun allem wollt hien dem Karel de Groussen säin Ierwen untrieden an doduerch sengem Keesertum eng Legitimatioun verschafen. Dofir ass hien am September 1804 op Oochen gereest fir den Doum an d'Graf vum Karel de Groussen ze besichen.

Zu Wien huet de Keeser vum Räich dem Napoleon seng Aktivitéite genee verfollegt. Bei diplomatesche Gespréicher tëscht Frankräich an Éisträich huet den Napoleon de 7. August 1804 gefuerdert datt de Franz II. hien als Keeser soll unerkennen an, am Géigenzuch, géif de Franz II. als Empereur héréditaire d'Autriche ("Ierfkeeser vun Éisträich") unerkannt ginn. E puer Deeg méi spéit ass aus der Fuerderung en Ultimatum ginn. Dat huet bedeit: Entweeder Krich oder d'Unerkennung vum franséische Keesertum. De Franz II. huet agelenkt an den Napoleon unerkannt.

Den Napoleon war net méi opzehalen. Seng Arméi, duerch bayeresch, württembergeresch a badesch Truppe verstäerkt, ass op Wien marschéiert an huet den 2. Dezember 1805 d'Éisträicher an d'Russen an der Dräikeeserschluecht bei Austerlitz geschloen. Kuerz drop huet den Napoleon dem Franz II. an dem Zar Alexander I. de Fridde vu Pressbuerg diktéiert. Dëst däerft d'Enn vum Räich besigelt hunn.

Den 22. Juli 1806 huet de Franz II. en Ultimatum gestallt kritt: Sollt hien net bis den 10. August ofdanken, da géife franséisch Truppen Éisträich ugräifen. Den 30. Juli huet de Franz II. decidéiert op d'Keeserkroun ze verzichten. D'Ofdankung ass de 6. August verkënnegt ginn.

Nom Enn vum Räich[änneren | Quelltext änneren]

Nom Wiener Kongress hunn déi däitsch Eenzelstaate sech zum Däitsche Bond zesummegeschloss (8. Juni 1815).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun – Biller, Videoen oder Audiodateien