Hellenistesch Monarchie

Vu Wikipedia

  Haaptartikel zu dësem Theema: Hellenismus 

Lagidesch Kinnigin (vläicht d'Kleopatra II. oder d'Kleopatra III.) als Isis.

D'Hellenistesch Monarchie war eng Regierungsform am ale Griicheland am sougenannten hellenisteschen Zäitalter. Dës Kinnekräicher hu sech no den Diadochekricher entwéckelt, a ware méi oder maner grouss, an hunn eng méi oder manner wichteg Roll gespillt.

Makedonien gouf vun den Nofollger vum Antigonos regéiert[1], Egypten vun de Lagiden, an e grousst Räich, wat net homogeen war[2] vun de Seleukiden. Nieft den dräi grousse Monarchië gouf et eng Partie kleng Kinnekräicher, déi keng sou grouss Roll gespillt hunn. Sou hunn d'Attaliden hiert Kinnekräich ronderëm Pergamon opgebaut, an et goufe Kinnekräicher um Pontos an a Bithynien. Den Hieron II. huet a Grouss-Griicheland e Kinnekräich zu Syrakus op d'Bee gestallt.

D'hellenistesch Monarchie war perséinlech. Dat heescht datt de Kinnek dee war, deen duerch seng eege Leeschtungen, déi meeschtens militäresch waren, a säi Behuelen, un den Titel Basileus ("Kinnek") komm ass. Sou war eng militäresch Victoire dacks de legitimen Akt, fir op den Troun ze kommen, an iwwer eng Provënz oder e Staat ze herrschen. D'Seleukiden hunn d'Eruewerung vu Babylon duerch de Seleukos I. am Joer 312 benotzt, fir hir Presenz a Mesopotamien ze legitiméieren, oder och d'Victoire iwwer de Lysimachos 281 fir hir Revendikatiounen op Thrakien ze rechtfertegen. D'Kinneke vu Bithynien hunn aus der Pseudo-Victoire vum Nikomedes I. aus dem Joer 277 profitéiert, fir vis-à-vis vun de Galater hir Herrschaft ze legitiméieren[3].

An dëser Monarchie gouf et keng kloer Ierfschaftsreegelen, a sou koum et dacks zu Streidereien an Ermuerdungen, wa méi wéi een Ierwen a Fro komm ass. Et gouf och keng fundamental Gesetzer oder Texter, déi d'Muecht vum Kinnek reglementéiert hunn. Alles koum vum Kinnek, a besonnesch d'Gesetzer huet hie selwer opgestallt. Dësen absolutten a perséinleche Charakter vun der hellenistescher Monarchie war gläichzäiteg d'Stäerkt an d'Schwächt vun dëse Kinnekräicher, well et extreem vun der Perséinlechkeet vum Herrscher selwer ofgehaangen huet. Sou war et och wichteg, bis op Makedonien, wou d'Monarchie eng al Institutioun war, fir sech Ideologien opzebauen, fir d'Dominatioun vu makedoneschen a griicheschen Dynastien iwwer Vëlker, déi näischt mat dëser Zivilisatioun ze dinn haten, ze rechtfäerdegen. D'Lagide goufen zu Pharaonen an den Ae vun den Egypter, a ware sou gescheit, sech mam Klerus duerch grouss Spenden un d'Tempele guttzehalen.

Dës Kinneken hunn awer och iwwer makedonesch a griichesch Vëlker regéiert, an hunn hinne missen d'Bild vun engem gerechte Kinnek weisen, deen de Fridden oprecht erhalen huet, a sech gutt beholl huet. Et war d'Notioun vum Euergetismus, déi aus dem hellenistesche Monarch e Wohltäter vu senge Sujete gemaach huet. D'Konsequenz dovun, déi et schonn zu der Zäit vum Alexander gouf, war d'Divinatioun zu Liefzäite vun enger grousser Partie vun den Herrscher, an d'Sujeten hunn hirem Kinnek kultesch Éiere missen erweisen, genee wéi autonom oder onofhängeg Poleis, deenen hie gehollef hat. Dëst huet d'Kinnekräich ronderëm d'Dynastie zesummegehalen.

Mënz vum Demetrios I., Grënner vum Kinnekräich vu Baktrien.

Well d'Muecht op wackelege Been stoung, hu sech d'hellenistesch Monarchen ëmmer nees eppes Neits afale loossen. Et war wichteg, seng Rivalen op militäreschem Plang ze schloen, an an dëser Period koum et zu sëllege Konflikter tëscht den Herrscher oder géint Feinde vu Baussen: Parther, Réimer, asw. Doduerch hunn d'Kinneke vill misse reesen, fir Garnisounen opzebauen, oder Stied ze grënnen, fir hir Staaten ofzegrenzen. Den Antiochos III. war deen, deen am Meeschten tëscht Syrien, Egypten, Mesopotamien, Persien, de Grënze vun Indien, Klengasien a Griicheland hin an hier gefuer ass, bis hie bei Susa 187 v. Chr. gestuerwen ass. Fir d'Arméien an de Bau vun neie Stied ze finanzéieren, hunn d'Kinneken eng zolidd Administratioun virun allem am Beräich vun de Steiere gebraucht. D'hellenistesch Kinnekräicher ware virun allem grouss Strukture fir Steieren z'erhiewen, a waren domat déi direkt Ierwe vum Achämenideräich. All dës Aarbechten hunn de Seleukos I. dozou bruecht, ze soen:

« Si les gens savaient quelle corvée ce peut être d'écrire seulement et de lire tant de lettres, on ne voudrait pas ramasser un diadème même s'il traînait par terre. »[4]

Ronderëm dës Herrscher gouf et e ganzen Haffstaat, an de Favorit vum Kinnek ze sinn, huet eng grouss Roll gespillt. Meeschtens waren et Griichen oder Makedonier, déi den Titel vum Frënd vum Kinnek haten (gr.: philoi). De Wonsch vum Alexander, d'asiatesch Eliten un der Muecht deelhuelen ze loossen, gouf falegelooss, an dës griichesch-makedonesch Dominatioun vun der Politik erënnert staark un eng kolonial Dominatioun. Fir sech trei Kollaborateuren ze sichen, huet de Kinnek misse bezuelen, zum Beispill doduerch, datt hie Lännereie geschenkt huet. Dëst huet awer verschidde Favoritten net dovun ofgehalen, dach net sou trei ze sinn, oder am Fall vun der Minoritéit vun engem Kinnek, selwer un der Muecht ze sinn[5].

Dës Kinneken haten d'absolut Muecht mä haten doduerch och vill Flichten, wéi sech Kollaborateuren ze sichen, d'Feinden ze schloen, hir kinneklech Natur duerch hiert Behuelen ze beweisen, an hir Funktioun duerch eng Divinatioun vun hirer Persoun ze legitiméieren. Am Klasseschen Zäitalter, war de Modell vun der Monarchie, dee vun de Philosophe rejetéiert gouf asiatesch ; am hellenisteschen Zäitalter war de Modell griichesch.

Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antiquitéit.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Vgl. Antigoniden.
  2. Klengasien, Syrien, Mesopotamien.
  3. "Pseudo-Victoire" dowéinst, well den Nikomedes seng Géigner eigentlech net um Schluechtfeld geklappt huet, mä duerch eng Konzessioun vun aneren Territoiren eng Allianz agaangen ass.
  4. Plutarch, Moralia, 11, fr. Iwwersetzung.
  5. Beispiller fir d'reell Herrschaft vum Favorit bei der Minoritéit vum Kinnek sinn den Antiochos III. an den Hermias (Polybios, Historíai, V, 41-56) oder de Sosibios an Egypten, un deem de Polybios kee gutt Hoer gelooss huet (Historíai, XV, 25).