Helmut Fritz

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Helmut Fritz ass eng fiktiv Persoun, déi vum franzéiseschen DJ a Museksproduzent Laurent Konrad erschafft gouf. Hie stellt en Däitschen duer, deen a Frankräich geplënnert a stänneg um Granzen ass. Verkierpert gëtt d'Figur vum Sänger Eric Greff.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Fiktiv Biografie

Den Helmut Günter von Fritz gouf zu Reinbek a Schleswig-Holstein als Bouf vum Rudy von Fritz an der Annegret Spiegeln gebuer. Seng Eltere si Besëtzer vum Fritzhof, op deem eng Fabréck fir Stréckpulloveren steet.

Wéi dem Helmut säi Groussmonni, de Baron Titten von Fritz, 1998 bei enger Juegd vun engem Wëllschwäin dout gemaach gëtt, ierft den Helmut Fritz als Elengierwen e Verméige vun 300 Milliounen D-Mark. Räich, mä ongeheierlech knéckeg, keeft hien eng gebraucht Vespa, verléisst seng Elteren a setzt sech no Frankräich of. Hie léisst sech zu Paräis nidder. Säin ongeheierlecht Verméigen erméiglecht him en extravagante Liewesstil. Hien ësst an de beschte Restaurante vun der Stad a kleet sech wéi en Neo-Dandy. Mä dat extravagant Liewe geet em mat der Zäit op de Kéis.

2009 ass d'Mooss voll: hie kann d'Haute Couture, Vernissagen a Partyen net méi gesinn. Op der Sich no engem Gespréichspartner trëfft hien op de Laurent Konrad, den him e Song virschléit.

[änneren] D'Single

D'Single Ça m’énerve gouf a Frankräich de 16. Mäerz 2009 bei Sony Music Entertainment verëffentlecht. Véier Woche méi spéit war se op der 2. Plaz vun de franzéisesche Singlecharts. Kuerz virun der Verëffentlechung vum Album En observation ass d'Lidd souguer Nummer 1 ginn.

[änneren] Diskografie

Album

  • 2009: En observation

Singles

  • 2009: Ça m’énerve
  • 2009: Partout
  • 2009: Ça gère
  • 2009: Miss France


[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen