Henri-Alexandre Deslandres

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Henri-Alexandre Deslandres
Observatoire vu Meudon

Den Henri-Alexandre Deslandres, gebuer de 24. Juli 1853 zu Paräis, gestuerwen de 15. Januar 1948 zu Paräis war e franséischen Astronom an Direkter vum Observatoire vu Meudon a vun deem vu Paräis.

[änneren] Liewen a Wierk

Den Deslandres koum no senger Ausbildung an der École polytechnique 1874 an d'Arméi. Hei huet hie sech ëmmer méi fir d'Physik begeeschtert. 1881 huet hien d'Arméi verlooss, fir beim Alfred Cornu an der École polytechnique spektroskopesch Ënnersich duerchzeféieren. Am Joer 1888 krut hien den Doktortitel op der Universitéit Sorbonne. Seng Resultater iwwer déi numeresch Terme an de Spektrallinnen (parallel zum Balmer) hun zu der Entwécklung vun der Quantenmechanik Ufanks vum 20. Joerhonnert gefouert.

1889 gouf den Deslandres op den Observatoire vu Meudon geruff, fir déi net méi zäitgeméiss Methoden ze verbesseren, déi sech op geometresch an mechanesch Aspekte konzentréiert hunn, awer keng physikalesch Ënnersich ustellten. Hei huet den Deslandres (parallel zu dem George Ellery Hale) 1894 den Spektroheliograph entwéckelt. 1907 gouf hien Direkter vum Observatoires vu Meudon. Hei stellt hien e Programm fir d'Vergréisserung vun de wëssenschaftleche Kapazitéiten op. Ënner sengem Direktorat vum Paräisser Observatoire fusionéiert den Observatoire vu Paräis 1926 mat dem Observatoire vu Meudon.

Ufanks vum Éischte Weltkrich - hie war schonns a senge 60er – huet hie sech bei d'Arméi zréck gemellt an ass eréischt 1918 op seng Plaz zu Meudon zeréckkomm.

Den Deslandres ass bis zu sengem Doud mat der Fuerschung verbonne bliwwen. Sä Frënd Raymond Michard huet gesot, datt den Deslandres an sengem Banneschten, an a sengem Charakter a Liewensstil méi wéi en Zaldot, amplaz wéi e Wëssenschaftler gehandelt huet.

[änneren] Éierungen

Zu senger Éier gouf en Moundkrater op säi Numm gedeeft.

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen