Henri Cirelli

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Henri Cirelli, gebuer den 23. Dezember 1934 zu Diddeleng, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller a Foussballtrainer. [1]

Tëschent dem 30. September 1956 am 17. Februar 1965 huet den Henri Cirelli a 37 Matcher 6 Goler fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe geschoss. [2]

Hien huet vun 1956 bis 1962 fir d'Alliance Diddeleng gespillt. An der Saison 1962/1963 war hie beim belsche Club Royal Beerschot AC. [3] D'Joer drop huet hien nees fir d'Alliance Diddeleng gespillt.

No senger Zäit als aktive Spiller huet den Henri Cirelli als Trainer Statioun bäi dëse Veräioner gemaach: US Diddeleng, Avenir Beggen, SC Téiteng, Swift Hesper a schliislech beim F91 Diddeleng. [4]

Referenzen[änneren]