Henri Greisch

Vu Wikipedia
Henri Greisch
Gebuer 1802
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

Den Henri Greisch, gebuer den 28. November 1802 zu Esch-Sauer, an do gestuerwen den 13. Juli 1884, war e lëtzebuergeschen Händler a Politiker.[1]

Den Deputéierten[änneren | Quelltext änneren]

Den Henri Greisch huet als Gierwer, Destillateur an Agronom zu Esch-Sauer gelieft. 1848 gouf hie Member vun der Constituante. Hie war Deputéierte vum Kanton Wolz an de Joren 1848-1854, 1856 an 1857-1866.[2]

Hie war Kandidat fir d'Wale vun 1872,[3] wou hie vu senge Supporteren als onofhängege Kandidat, dee fir den Akerbau antrëtt, duergestallt ginn ass,[4] gouf awer net gewielt.[5]

Den Henri Greisch, deen anti-orangistesch war, ass de Vugel Greif aus dem Dicks sengem Vulleparlament am Gréngewald (1848).[6]

Hie war ee vun deenen Deputéierten, déi 1848 Lëtzebuergesch an der Chamber geschwat hunn.[7]

De Buergermeeschter[änneren | Quelltext änneren]

Den Henri Greisch war Buergermeeschter vun Esch-Sauer vun 1843-1851[8], vun 1860-1866[9] a vun 1879-1883.[10] De Bau vum Stroossentunnel (1850) fir an Esch-Sauer eran a vun der “neier“ Bréck bei Esch-Sauer sinn him ze verdanken.[1]

De Vertrieder vum Handel[änneren | Quelltext änneren]

De Greisch war Member vun der Chambre de commerce, wou hien de “commerce en général“ vertrueden huet.[11]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Spedener, G., 1937. Die im Luxemburger Lande lebten und webten: biographische Notizen. P. Faber, Grevenmacher, S. 32.
  2. Als, N. & R.L. Philippart, 1994. La Chambre des Députés: histoire et lieux de travail. Luxembourg, S. 516.
  3. Luxemburger Wort 1872, Nr. 130 (4. Juni); S. 1 (An die Herrn Wähler des Cantons Wiltz). [1]
  4. Luxemburger Wort 1872, Nr. 134 (8. Juni), S. 2 (An die Wähler des Cantons Wiltz). [2]
  5. Luxemburger Wort 1872, Nr. 137 (12. Juni), S. 1 (Resultat der Wahlen)
  6. Goetzinger G. et al., 2009. Ech sinn e groussen Hexemeeschter: Dicks, 1823-1891: Ausstellung und Katalog. Centre national de littérature, Mersch, 57-58.
  7. Dichter und Bauer. Luxemburger Wort 1944, Nr. 88/89, (9. Dezember), S. 3. [3]
    Kuckt och: Luxemburger Wort 1948, Nr. 86 (7. Dezember), S. 1. [4]; Luxemburger Wort 1848, Nr. 70 (15. Oktober), S. 1 (Verhandlungen der Kammer: Sitzung vum 12. Oct.) [5] — Nieft dem Greisch huet an där Sitzung och den Nicolas Spanier im vaterländischen Dialekte geschwat.
  8. Arrêté royal grand-ducal, du 29 décembre 1843, portant nomination des Bourgmestres et Échevins des villes, et des Bourgmestres des campagnes du Grand-Duché. Mémorial législatif et administratif du Grand-Duché de Luxembourg 1844, S. 20. [6]
    Arrêté royal grand-ducal accordant au sieur Greisch démission honorable de ses fonctions de bourgmestre d'Esch-sur-la-Sûre. Mémorial législatif et administratif du Grand-Duché de Luxembourg 1851, S. 880. [7]
  9. Avis. Démission et nomination de bourgmestres. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1866, seconde partie, S. 21-22. [8].
    Kuckt och: Luxemburger Wort 1866, Nr. 28 (2. Februar), S. 2 (Demissioun). [9]
  10. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1879, S. 1 (Nominatioun). [10]
    Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1883, S. 297 (Demissioun). [11]
  11. Arrêté royal grand-ducal du 8 janvier 1854, portant nomination de membres de la Chambre de commerce. Mémorial législatif et administratif du Grand-Duché de Luxembourg 1854, S. 90-92. [12]