Henri Grethen

Vu Wikipedia
Henri Grethen
Gebuer 16. Juli 1950
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei Demokratesch Partei

Den Henri Grethen, gebuer de 16. Juli 1950 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Politiker.

No der Primärschoul zu Esch an dem Iechternacher Lycée huet hien um Cours Universitaire studéiert an duerno, vun 1971 bis 1975, zu Léck.

1976 gouf hie Wirtschaftsberoder, 1978 Generalsekretär vun der Fédération des commerçants. 1979 gouf den Henri Grethen Member vum Europäesche Wirtschafts- a Sozialcomité, an 1980 Generalsekretär vun der Confédération du commerce luxembourgeois.

Zanter 1989 bis 1999 war hien onofhängege Wirschafts-Consultant.

Vun 1996 bis 1997 war hie President vum Conseil de presse, dem lëtzebuergesche Presserot.

Seng politesch Carrière huet den Henri Grethen 1980 als Generalsekretär vun der DP ugefaangen, deen hie bis 1989, an dann erëm vun 1994 bis 2004 war.

1984 gouf den Henri Grethen fir d'éischt an d'Chamber gewielt, an duerno 1989, 1994, 1999 an 2004 erëmgewielt. Als Deputéierte war hien och President vun der DP-Chambrsfractioun a vun 1998 un Vizepresident vun der DP. 1999 huet en op säi Chambersmandat verzicht a gouf Wirtschafts- an Transportminister an der Regierung Juncker-Polfer.

No de Chamberwale vum 13. Juni 2004 war hien, bis Enn 2007, nees Deputéierten. Vu Januar 2008 bis Dezember 2019[1] war hie lëtzebuergesche Vertrieder um Europäesche Rechnungshaff.

Hie war Verwaltungsrotmember vu Rotarex.

Den Henri Grethen ass mat der Nottär Blanche Moutrier bestuet.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • Großes Goldenes Ehrenzeichen am Bande für Verdienste um die Republik Österreich (Promotioun 2004)[2].
  • Commandeur vun der Légion d'honneur (Promotioun 2002)[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Henri Grethen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "E spannend Mandat fir eng iwwerzeegten Europäerin." rtl.lu, 04-12-2019.
  2. Lëscht vun de Persounen déi tëscht 1952 an 2012 d'Ehrenzeichen für Verdienste um die Republik Österreich kruten
  3. (fr)M. Grethen reçoit les insignes de Commandeur de la Légion d'honneur. gouvernement.lu (2002-01-14). Gekuckt de(n) 2023-08-06.