Henri Joseph Perrotin

Vu Wikipedia
Henri Joseph Perrotin
Gebuer 19. Dezember 1845
Saint-Loup
Gestuerwen 29. Februar 1904
Nice
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Faculté des sciences de Paris
Aktivitéit Astronom

Den Henri Joseph Anastase Perrotin, gebuer den 19. Dezember 1845 a gestuerwen den 29. Februar 1904 war e franséischen Astronom.

De Perrotin war vun 1884 bis zu sengem Doud Direkter vum Observatoire vun Nice. Hien hat besonnesch Observatioune vum Planéit Mars gemaach, hat d'Rotatiounsperiod vun der Venus bestëmmt an hat d'Bunnstéierunge vum Asteroid Vesta berechent. Zu sengen Éiere gouf den Asteroid (1515) Perrotin no him genannt.

Doriwwer eraus hat hie sechs Asteroiden entdeckt:

(138) Tolosa 19. Mee 1874
(149) Medusa 21. September 1875
(163) Erigone 26. Abrëll 1876
(170) Maria 10. Januar 1877
(180) Garumna 29. Januar 1878
(252) Clementina 11. Oktober 1885

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie