Henri Kraus

Vu Wikipedia
Henri Kraus
Gebuer 9. Februar 1943
Hollerech
Gestuerwen 9. Februar 2024
Belair
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Member vun Cercle artistique de Luxembourg


Den Henri (Jean) Kraus, gebuer den 9. Februar 1943 zu Hollerech a gestuerwen den 9. Februar 2024[1][2][3], war e lëtzebuergesche Moler, Zeechner a Konschterzéier.

No sengem Secondaire am Stater Kolléisch huet hien zu Nanzeg op der École nationale des beaux-arts et des arts appliqués Konscht studéiert.

Fir déi monumental bronze Skulptur vun der Nina Grach-Jascinsky virum Kolléisch, déi Datzemisch vun der Schoulkommunautéit genannt gëtt, stoung den Henri Kraus Modell.

1975 huet hien de Prix Grand-Duc Adolphe kritt an 1977 de Premier prix de la peinture op der Biennale des Jeunes zu Esch-Uelzecht.

Hie war Member vum Cercle artistique de Luxembourg[4].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Henri Kraus ass dout, Tageblatt 2024-02-19, S. 11.
  2. Marc Thill, Nora Schloesser, Luxemburger Kunstszene in Trauer, „Den Datzemischi ass doud“: Der Künstler Henri Kraus war sein Modell. wort.lu (19.2.2024). Gekuckt de(n) 19.2.2024.
  3. Doudesannonce am Luxemburger Wort, 21.2.2024
  4. Lëscht vun de membres titulaires vum CAL Archivéiert op 2011-07-22. Gekuckt de(n) 2010-10-13.