Henri Losch

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Henri Losch am November 2006
Den Henri Losch mat senge Schoulkanner 1956 zu Uewerpallen

Den Henri Losch ass de 16. Juli 1931 zu Dikrech op d'Welt komm, an zu Useldeng grouss ginn. Als pensionéierte Schoulmeeschter vun der Stad Lëtzebuerg a Chargé-de-cours fir Dictioun am Escher Conservatoire, Theater a Filmacteur, Member vum Lëtzebuerger Theater 1962-1973, Grënnungsmember vum TOL, Dréibuchauteur vun zwou grousse Filmproduktiounen, Déi zwéi vum Bierg an De falschen Hond, realiséiert vum Hei Elei, fräie Mataarbechter bei RTL, Conférencier a Presentateur vu Concerten, beschäftegt hie sech zënter 1990 besonnesch mat der Lëtzebuerger Sprooch a gëtt Lëtzebuergesch -Coursen.

Hien ass den Neveu vum Martin Losch, dem Grënner vum Garage Losch.

[änneren] Bibliographie

Nieft deene Wierker déi hei opgelëscht sinn, stame verschidden Artikelen an de Serië Galerie an nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur aus der Fieder vum Henri Losch.

  • Coauteur vun
    • DA LASS“, eng audio-visuell Method fir Lëtzebuergesch ze léieren, Minist.Éduc.Nation.
    • Grammaire vun der Lëtzebuerger Sprooch, Minist.Éduc.Nation.
    • Braun, Josy, Marianne Johanns-Schlechter, Josée Kauffmann-Frantz, Henri Losch & Geneviève Magnette-Barthel, 2005. Les verbes luxembourgeois / D’Lëtzebuerger Verben. Ministère de l'éducation nationale et de la formation professionnelle, Service de la formation des adultes. Éd. Guy Binsfeld. 234 p. ISBN 978-2-495-00026-0.
  • Auteur vun
    • Grouss a Klang am Krich, Edit. RTL
    • Eng Zaubertéingeschicht, e musikalescht Mäerchen mam OPL, Musek vum Jean-Paul Frisch
    • Tun Deutsch, Edit. Saint-Paul
    • E Wantermäerchen, Edit. Guy Binsfeld, dem Charles Dickens seng Geschicht iwwersat vum Henri Losch
    • D’Julie an d’Dramvillercher, Edit. Guy Binsfeld, eng Geschicht vum Dieter Konsek, vum Henri Losch iwwersat.
    • En drolege Schlasshär, Edit. Saint- Paul.
    • Am grujelegen Tunnel, Edit. Saint- Paul
    • En Däiwelsgesiicht, Edit. Saint-Paul
    • E Bouf erzielt, Edit. Guy Binsfeld
    • Wat ass da mam Mound lass?, 2006, Edit. Guy Binsfeld, eng Geschicht vun der flämescher Verfaasserin Ina Vandewijer déi vun der der Debbie Lavreys illustréiert ass, huet hien iwwersat.
    • Häerzerkinnek. E Krimi, Éditions Guy Binsfeld, September 2007, E Kriminalroman mat Illustratioune vum Steffi Willkomm, 200 Säiten, gebonne mat Klappen. An der mëttelalterlecher Stad Häremaacher, déi bei engem kanaliséierte Floss ass, geschéie grujelech Saachen. No an no ginn d'Déiere vun enger aler Fra op eng schlëmm Manéier ëmbruecht a se kréien d'Häerz erausgeschnidden.
    • De Geescht an där aler Brauerei e Roman fir Kanner mat Biller vum Patty Thielen, 2009 bei kids saint-paul
    • Chrëschtdag hautdesdaags, e Chrëschtmusical, Musek vum Georges Urwald
  • Mataarbechter bei der Produktioun vun
    • Deutsch Luxemburgisches Wörterbuch, 2004, Edit. Saint-Paul
    • Dictionnaire Français Luxembourgeois, 2006, Edit. Saint-Paul

[änneren] Fir ze lauschteren

  • Henri Losch: E Bouf erzielt - Eng gewéinlech , ongewéinlech Kannerzäit am Krich, eng Audio-CD, gelies vum Auteur, Éditions Guy Binsfeld, September 2007, 11 Geschichten, eng 72 Minutten.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht