Henri Muller

Vu Wikipedia
Henri Muller
Gebuer 10. Dezember 1912
Ierpeldeng
Gestuerwen 3. September 2011
Bartreng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Dikrecher Kolléisch,
Normalschoul,
Universitéit vu Portland
Aktivitéit Iwwersetzer, Resistenzler, Schoulmeeschter, Lycéesprofesser


Den Henri Muller, gebuer den 10. Dezember 1912 zu Ierpeldeng bei Ettelbréck, gestuerwen den 3. September 2011 zu Bartreng[1], war Schoulmeeschter, duerno, vun 1966 bis 1977, Professer am Collège d'enseignement moyen de Luxembourg, wou hie Franséisch an Englesch enseignéiert huet.

Hie war ee vun de Grënner vun den Amis de la Grèce. Hien huet verschidde Bicher aus dem Griicheschen op Lëtzebuergesch iwwersat.

Iwwersetzungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1999 Nikos Kazantzakis: Dem Alexis Zorbas säi Liewen a seng Uluechten, Op der Lay, 1999.[2]
  • 1995 Dem Homer seng Odyssee op lëtzebuergesch Gesank I-III, 2003-2005.
  • 2008 Dem Homer seng Odyssee op lëtzebuergesch komplett.
  • 2011 Nikos Kazantzakis: Om Wollefsbuer. Imprimerie Centrale, Luxembourg.

Präisser[änneren | Quelltext änneren]

Am Februar 2004 huet de Prefektoralrot vun Athen decidéiert, dem Henri Muller den Titel Ambassadeur vum Hellenismus z'iwwerdroen, fir säin Asaz dofir, Griicheland a seng Kultur ze verbreeden. 2001 war den Henri Muller zum Éierebierger vun Iráklio (Heraklion), dem Nikos Kazantzakis senger Gebuertsstad op Kreta, ernannt ginn.[3]

Dem Henri Muller a senger Fra zu Éiere gëtt et zanter 2007 de Prix Henri et Madeleine Muller.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Avis mortuaires. Luxemburger Wort 2011, Nr. 222 (23. September), S. 82.
  2. Op der Lay
  3. Le professeur Henri Muller nommé « Ambassadeur de l'Hellénisme ». Communiqué du ministère des Affaires étrangères, ambassade du Luxembourg à Athènes, 19-02-2004. [1]