Henri Pensis

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Henri Pensis,
copyright Nationalbibliothéik

Den Henri Pensis, gebuer den 3. November 1900 am Pafendall a gestuerwen den 1. Juni 1958, war den éischten Dirigent vum Symphoneschen Orchester vu Radio Lëtzebuerg[1], aus deem 1996 den Orchestre philharmonique du Luxembourg (OPL) ervirgaang ass. An dëser Funktioun war hien de Virgänger vum Carl Melles.

Inhaltsverzeechnes

Liewen [änneren]

Den Henri Pensis huet am Conservatoire vu Lëtzebuerg studéiert, duerno zu Bréissel an an der Musikhochschule zu Köln. Seng richteg Carrière huet hien als Violonist ugefaangen.

1926 gouf hien no engem internationale Concours zum "Konzertmeister des Symphonie-Orchesters Köln-Langenberg" genannt. Hie fält dem Hermann Abendroth op, deen him proposéiert, säi Schüler an der Musikhochschule ze ginn. Den Henri Pensis hëlt un, hie kritt eng zolitt Bourse an erschaft sech eng ausseruerdentlech musikalesch an technesch Basis.

1932 gouf hien vu Radio Lëtzebuerg beoptragt, e Radiosorchester op d'Been ze stellen. 1939 huet RTL mussen zou maachen wéint der Krichgefor.

Den 29. Februar 1940 goung den Henri Pensis op eng Invitatioun hinn an d'USA. Hie huet fir d'éischt den New Jersey Philharmonic Orchestra geleet, 1942 de Symphoneschen Orchester vu Sioux City. Hien huet dräi Concerten an der weltbekannter Carnegie Hall dirigéiert. Nom Krich ass hien 1946 op Lëtzebuerg zréckkomm an huet de Service musical vu Radio Lëtzebuerg reorganiséiert.

Vun 1955 uns huet hien ënner enger schlëmmer Aekränkt gelidden. Säi leschte Concert huet hien den 19. Mee 1958 bei der Exposition universelle zu Bréissel ginn. Den Henri Pensis ass den 1. Juni 1958 gestuerwen.

Den Henri Pensis war als Dirigent esou ausgefëllt, datt en net vill Zäit hat fir ze komponéieren an nëmme wéineg Wierker hannerlooss huet.

Den Isaak Stern schreift: " I knew Henri Pensis and made music with him both in US and on the Radio Luxembourg many times. He was an excellent conductor and musician, always devoted to the service of music on the highest standard". [Source ?]

Wierk (Auswiel) [änneren]

  • Soir d'été (poème symphonique)
  • Fugue classique
  • Suite pour orchestre
  • Scène de danse pour orchestre
  • Nockes an Nackes (comédie musicale)
  • Hymne solennel
  • Fantaisie de Noël

Populär Melodien:

  • Fir d'Fräiheet
  • Op der Juegd
  • D'Fréijoerslidd

Literatur [änneren]

  • Thill, Norbert, 2000. Licht und Schatten eines Dirigentenlebens : Erinnerungen an Henri Pensis zu seinem 100. Geburtstag. Die Warte Année 52, Nr. 37: 1-2 (Nr. 1944, 30. November). Luxembourg.
  • Weber, Loll, 1983. Hommage à Henri Pensis. nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur 2.
  • Weber, Loll, 1998. Henri Pensis, ein Dirigent aus Luxemburg (1900 - 1958). Institut grand-ducal, Section des arts et lettres. Impr. Saint-Paul. 307 S. ISBN 2-9599954-0-6.
  • Weber, Loll, 2001. Vom Radioorchester zum Orchestre Philharmonique. Ons Stad 66: 17-21.
  • Weber, Loll, 2008. "Lieber Pensis... Cher Pensis..." : Zum 50. Todestag des Dirigenten: Blick in seine Privatkorrespondenz. nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, Joër 29, Nr. 1: 23-50. Luxembourg.

Um Spaweck [änneren]

Notten [änneren]

  1. Offiziellen deemolege franséischsproochegen Numm: Orchestre de Radio Luxembourg.