Henri Rabinger

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Eng Duerflandschaft vum Henri Rabinger.

Den Henri (oder Harry) Rabinger, gebuer de 25. Februar 1895 am Pafendall, a gestuerwen de 7. September 1966 an der Stad, war e lëtzebuergesche Moler.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1913 bis 1915 huet de Rabinger zu Paräis, vun 1915 bis 1918 zu München Konscht a Molerei studéiert. Zu München huet hien de Joseph Kutter, Jean Schaack a Jean Noerdinger kenne geléiert, mat deenen hien och befrënnt war. 1919 gouf hien Zeecheproff am Escher Meedercheslycée, a vun 1921 bis 1934 an der Handwierkerschoul. Zesumme mam Joseph Kutter an den Artiste Claus Cito, Nico Klopp, Jean Schaack an Auguste Trémont huet hien zu deene gehéiert, déi gewëllt waren, nei Weeër ze goen an déi modern Konscht dem Vollek méi no ze bréngen. Dofir hu se nom Salon vun 1926 dem Cercle Artistique de Réck gedréint a sinn an d'Sezessioun gaangen. 1930 koum en awer nees an de Cercle Artistique zréck.

Vun 1934 u huet hien als Zeecheproff am Stater Meedercheslycée geschafft. 1935 huet hie 6 Tableauen op der internationaler Konschtausstellung zu Bréissel ausgestallt, a gouf 1936 vun der Lëtzebuerger Regierung domat chargéiert, eng Monumentaltoile (4 x 6,3 m), Terres Rouges, fir de Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung zu Paräis vun 1937 ze molen. Dëst Bild hänkt haut, no enger Restauratioun mat groussem Opwand, an nodeem et iwwer Joerzéngte um Späicher vum Escher Jongelycée an engem Eck louch, an der Kantin vun där Schoul. 1939 huet hien zesumme mam Jean Schaack nach Monumetaltableaue mat Vuë vun der Stad Lëtzebuerg, fir d'International Ausstellung vun New York gemoolt.

Nom Krich koum den Henri Rabinger op Esch zréck, wou e bis zu senger Pensioun, 1957, am Meedercheslycée (Pseudonym: Kueb) geschafft huet.  2002 huet d'Lëtzebuerger Post en Timber erausbruecht, deen op engem Bild vum Rabinger baséiert

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Den Henri Rabinger ass virun allem fir seng Biller aus dem Minett bekannt. Säi Stil ass vum Expressionismus a vum Kubismus beaflosst. D'Minett, déi opgerappte Landschaften, d'Schmelzen, d'Aarbechter waren dat, wat en intresséiert huet. 1935 sot en an engem Interview fir d'Zeitung A-Z:Den entscheidenden Einfluß hat auf meine Kunst mein langjähriger Aufenthalt in Esch gehabt. Ich habe dort im Umgang mit den Menschen, in der Berührung mit der Umgebung und in der besonderen Atmoshäre eine vollkommene Wandlung erfahren. Die Härte der Landschaft, die rauhe Offenheit der Menschen und der laute Gang der Tage gehören zusammen und können nicht spurlos an uns vorbeigehen (...). (27. Januar 1935)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Denis Scuto: "Art et révolution industrielle au pays de la Terre rouge", in: Ville d'Esch-sur-Alzette (éd.): Esch-sur-Alzette, du village à la ville industrielle. 13 octobre - 5 novembre 1989, Hôtel de Ville d'Esch-sur-Alzette. Catalogue de l'exposition organisée par la Ville d'Esch-sur-Alzette à l'occasion du 150e anniversaire de l'Indépendance du Grand-Duché de Luxembourg.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]