Henri Simon

Vu Wikipedia
Henri Simon
Gebuer 2. Februar 1856
Léck
Gestuerwen 11. Mäerz 1939
Sprimont
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Schrëftsteller

Den Henri Simon gebuer den 2. Februar 1856 zu Léck an och do den 11. Mäerz 1939 gestuerwen, war ee wallounesche Schrëftsteller deen an der Gemeng Sprimont zu Lincé gelieft a geschafft huet.

Hien huet 1883 en éischt Theaterstéck geschriwwen: Li neure poye (iwwersat: Déi schwaarz Pëll). Duerno koum Li mwèrt di l'abe (Den Doud vum Bam), a méi spéit säi Meeschterstéck Li pan dè bon Diu (D'Brout vum Herrgott) an deem hien d'Aarbecht vum Mënsch an der Natur beschreift.

No sengem Doud gouf den 30. Juli 1939 ee Monument fir hien zu Lincé ageweit dat vum sprimontesche Sculpteur Maurice Bar geschaf gouf.

Zu Lincé ass eng Strooss no him benannt.

Et ass bekannt datt en an zwee verschiddenen Haiser gewunnt huet. Dat eent dovu gehéiert haut der Famill Godet.

Dat zweet, an deem hie méi laang dra gewunnt a geschafft huet, dréit de selwechten Numm wéi säin Theaterstéck Li neure poye.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]